Rue des Scillas (Hesper)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rue des Scillas
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper


D'Rue des Scillas ass eng Strooss um Houwald an der Gemeng Hesper.

Se ass no der Blummegattung Scilla genannt, wéinst der rarer Mäerzblimmchen déi net wäit dervun am Doulemerdall wiisst.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss fänkt op der Grenz mat der Gemeng Lëtzebuerg, op der Héicht vum Rangwee un, do, wou dësen no Westen ofbéit fir an engem Tunnel ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz erduerch ze goen.

Se geet a süd-südwestlecher Richtung bis bei de Rond-point mam CR231 an huet eng Längt vun enger 920 Meter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Rue des Scillas gouf an den 1970er Joeren ugeluecht, a geschwënn hu sech Industrie- an Handelsbetriber op der westlecher Säit etabléiert.

Zanter dem Ufank vun den 2020er Jore gëtt un der Strooss geschafft, fir se op 34 Meter méi breet ze maachen, fir sou zweemol 2 Spuere fir de motoriséierte Verkéier an eng Vëlospist ze kréien. Vun Enn 2023 un soll och d'Tramslinn T1 vum Stater Tram derduerchfueren. D'Strooss gëtt dann als Deelstéck vun der neier Nationalstrooss 40 gebraucht. Gläichzäiteg gëtt am nërdlechen Deel d'Drosbech kanaliséiert an e Baseng fir Reewaasser gebaut. Den Tram béit op der Héicht vun der Gare Houwald no Westen of, fir iwwer d'Eisebunnslinn an d'Autobunn A3 an de Gaasperecher Bann eriwwerzefueren.[1]

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Neiuluecht vun der Strooss ginn et och parallel derzou Bauprojeten: Sou kënnt den nei Sëtz vum Lëtzebuerger Roude Kräiz dohinner, grad wéi e Projet vu 5 Gebaier op 2 Hektar mat am ganzen enger 140 Wunnengen (AXS genannt).[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue des Scillas (Hesper) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Die Verwandlung der Rue des Scillas schreitet voran." wort.lu, 10.12.2021.
  2. "So wird sich die Rue des Scillas verändern." wort.lu, 06.06.2021.