Rue des Tanneurs (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue des Tanneurs
Numm lb: Am Eck
fr: Rue des Tanneurs
Fréieren Numm de: Hinderstengasse[1]
Längt ca. 115 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2609
Koordinaten 49° 37’ 19.3’’ N
      06° 07’ 58’’ O

D'Rue des Tanneurs ass eng Sakgaass am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Um Sichenhaff geet se vun der Rue de Stavelot aus a Richtung Norde fort a verleeft parallell mat der Uelzecht.

Um Wupp vun der Strooss geet e Fousswee weider duerch de Lavals-Park bis op Eech a Weimeschkierch.

Um Enn vum Fréimëttelalter hate sech um Uwänner vun der Uelzecht verschidden Handwierker (Schouster, Suedler, Gierwer, ...) néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss benotzt hunn, fir hire Beruff auszeüben. Fir dorun z'erënneren huet d'Strooss 1954 hiren Numm kritt[2].

Bis 1925 gouf den Odonym vun der Strooss fir déi haiteg Rue Mohrfels gebraucht[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue des Tanneurs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. am 15. Joerhonnert
  2. Beck F. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 80, 2005: 21
  3. Mohrfels an den Archives Ville de Luxembourg, op archives-vdl.lu, gekuckt de 14. Februar 2020
  4. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt den 28. Oktober 2015