Rue du Fort-Elisabeth

Vu Wikipedia
Rue du Fort Elisabeth
Numm fr: Rue du Fort Elisabeth
Längt ca. 190 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1463
Koordinaten 49° 36’ 15.8’’ N
      06° 07’ 54.5’’ O

D'Rue du Fort Elisabeth ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Place Jean-Heinisch a Richtung Süden, laanscht d'Haiser vun der Paräisser Plaz bis bei d'Rue Jean Origer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Strooss geet zeréck op de Fort Elisabeth deen ongeféier do stoung wou déi haiteg Strooss ass. De Fort war e baussenzegt Festungswierk vun der Diddenuewener Front a gouf 1731 gebaut, 1836 moderniséiert an tëscht 1871 an 1872 geschleeft. A Richtung Nordwesten hin - do wou haut d'Spuerkeessgebai steet - gouf de Fort vun der Lunette „Klein Elisabeth“ flankéiert.

Den Numm vum Fort geet zeréck op d'Äerzherzogin Maria Elisabeth vun Éisträich (1680-1741), der eelster Schwëster vum Karel VI.. Si war vum 1. September 1725 bis zu hirem Doud, den 29. August 1741, Generalstatthalterin vun den Éisträicheschen Nidderlanden zu deenen deemools och Lëtzebuerg gehéiert huet[1].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Fort-Elisabeth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 5: 31