Rue du Fort-Rheinsheim

Vu Wikipedia
Rue du Fort-Rheinsheim
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-2419
Koordinaten 49°36'27,14"N, 6°7'14,27"O
Morphologie
Längt 120 m
Héicht i. M. 291 m
Geschicht
Genannt 29. Dezember 1945
Genannt no Fort Rheinsheim

D'Rue du Fort Rheinsheim ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verbënnt d'Avenue Marie-Thérèse mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems den Odonym 1925 vun „Rue Reinsheim“ an „Rue des Acacias“ geännert gi war[1], krut d'Strooss den 29. Dezember 1945 erëm hiren ursprénglechen Numm. Dësen erënnert un de Fort Rheinsheim deen an der Festungszäit hei stoung.

Wéi d'Festung Lëtzebuerg geraumt an duerno geschleeft gouf, ass d'Stad séier méi grouss ginn an et goufen nei Stroossenzich ugeluecht. Déi geplangt Verlängerung vun der Avenue Marie-Thérèse a Richtung Hollerech ass duerch de Fort Peter an de Fort Rheinsheim gaangen. 1869 gouf en Deel vum Terrain – zur Säit vum Dall – vum Bistum kaf. Op der anerer Stroossesäit goufen d'Terrainen un Privatleit verkaf.

Op den Anlage vum Fort Peter gouf en Härenhaus gebaut, dat méi spéit als Bëschofspalais a Gebrauch war. Op de Grondmauere vum Fort Rheinsheim gouf no de Pläng vum Architekt Jean-François Eydt de Bëschofskonvikt gebaut, deen als „Internat Maria Rheinsheim“ fir d'Studenten aus dem Secondaire den 1. Oktober 1872 seng Dieren opgemaach huet.

1958 gouf de Bëschofspalais ofgerappt an duerch en neit Gebai ersat, dat Gebai dat zënter 1961 de Siège vum Äerzbëschof ass.

1976 ass dunn och de Konvikt ofgerappt ginn an et gouf en Zenter fir kulturell Aktivitéite geschaaft. Den Terrain dernieft huet d'Stad Lëtzebuerg kaaft fir do en Altersheem (Résidence Grande-Duchesse Joséphine Charlotte) opzeriichten, dat zanter 1992 op ass[2].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Fort-Rheinsheim – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Henri Beck, 1997. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 54: 32