Rulles (Baach)

Vu Wikipedia
D'Rulles zu Habay-la-Neuve

D'Rulles ass eng belsch Baach an der Provënz Lëtzebuerg.

Si entsteet an der Forêt d'Anlier op enger Héicht vun 370 Meter, Cote ING Belsch, aus dem Zesummefloss vun dräi klenge Baachen, um Lieu-dit Croix Louis. Nom Zesummefloss mat enger Baach déi aus dem Ruisseau du Cendrillon an dem Ruisseau du Prince entsteet ass hiren Numm op der topographescher Kaart ze fannen. Vun do aus leeft se ronn 2.800 Meter no Südosten, fir op der Plaz mat dem Numm Déimpelbruch, no Südwesten ze dréinen. Déi Richtung behält se bis op de Pont d'Oye nërdlech vun Habay-la-Neuve, wou se fir d'éischt den Étang de la Fabrique fiddert, duerno den Étang du Pont d'Oye, an dann no Westen dréint.

Zu Habay-la-Neuve leeft se duerch den Étang du Châtelet. Ier s'ënner der N40 erduerch leeft, bilt se nach e klenge Weier. Eng ronn 800 Meter duerno fëllt se, zusumme mat dem Ruisseau d'Anlier, den Étang de la Trapperie, deen am 17. Joerhonnert, als Waasserreserve fir d' Forges de la Trapperie, ugeluecht gouf. Eng ronn 650 Meter weider leeft se duerch de Weier vun Habay-la-Vieille. Vun hanner Habay-la-Vieille leeft s'op enger Längt vun 3.200 Meter parallel mat der Eisebunnsstreck Namur-Sterpenich-Lëtzebuerg, ënner der A4 erduercht, fir op der Héicht vun der Uertschaft Rulles, an engem grousse Bou no Süden ze dréinen. 1.500 Meter duerno dréint se dann erëm no Westen. Bis op Tintigny leeft se mat vill Krénkelen an engem breeden Dall, fir am Nordoste vun Tintigny, op enger Héicht vun 327 Meter an d'Semois ze lafen.

D'Rulles ass ronn 31 Kilometer laang.

D'Haaptnieweflëss sinn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rulles – Biller, Videoen oder Audiodateien