Rulles (Habay)

Vu Wikipedia
Rulles
Bréck iwwer d'Rulles zu Rulles
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 43’ 05’’ N
      05° 33’ 30’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6724

Rulles, ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Habay, an der Provënz Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1260 huet Rulles zum Bann vu Étalle gehéiert, vun deem de Grof vu Chiny verschidden Deeler dorënner Rulles dem Grof vu Bar geschénkt hat. Bei enger Kricherei am Joer 1268 tëscht den Häre vu Bar an deene vu Lëtzebuerg, ass eng Vogtei entstanen déi eng Indivisioun an deenen zwou Grofschafte war. Dozou hunn d'Gemenge vu Buzenol, Chantemelle, Étalle, Vance a Villers-sur-Semois, d'Uertschafte Landin an Nantimont grad sou wéi Deeler vun Habay-la-Vieille a vu Mortinsart mat den Uertschaften Houdemont a Rulles gehéiert.

Dee Bezierk dee Ban d'Étalle genannt gouf, ass 1758 vun der Abtei Orval opkaaft ginn.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Rulles eng eegestänneg Gemeng, zu där Chênet, Charmoye, Haloi, Harinsart, Mandebras, Marbehan, Orsinfaing, Pachi, Petit Moulin, Pigeon, Quatre Fils Aymon a Vachière gehéiert hunn.[1]

Monumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • Bei der Bréck iwwer d'Rulles e Monument zu Éiere vun engem Chasseur ardennais deen do gefall ass.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rulles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles p.44