Rupes Altai

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rupes Altai
Rupes Altai - LROC - WAC.JPG
Koordinaten 24°18'S, 23°9'O
Duerchmiesser 545,19 km
Genannt no Altai
Genannt am Joer 1961
Moundvéiereck LQ20

De Rupes Altai ass en Ofrëss vum Terrain am südëstleche Quadrant vun der viischter Äerdmoundsäit. Seng selenographesch Koordinate si 24° S an 23° O. D'Formatioun ass 550 km laang.

Dat südëstlech Enn vun der Klipp fänkt um westleche Bord vum Krater Piccolomini un. Vun do streckt si sech an engem onreegelméissege Bou no Norden an ereecht dobäi eng Héicht vu bal engem Kilometer. De Bou hält am Norden an engem onreegelméissege Gebitt ouni eendeiteg Begrenzung, dat vun de markante Krateren Theophilus, Cyrillus a Catharina agefaasst gëtt, op. De Rupes Altai ass déi südwestlech Begrenzung vum Aschlagbecke Mare Nectaris.

D'Struktur ass während der Vollmound-Phas schwéier z'erkennen, well dann d'Sonn am Zenit steet. Am beschten erkennt ee se, wann den Terminator an der Géigend läit an d'Sonneliicht an engem flaache Wénkel afält.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]