Russell (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Russell (Moundkrater)
De Moundkrater Russell mat de Kratere Struve an Eddington. (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 26,48° N
Längt 75,52° W
Duerchmiesser 103,37 km
Déift -
Selenographesch Längt 78° bei Sonnenopgank
Genannt nom Henry Norris Russell
John Russell
Krut säin Numm am Joer 1964
De Moundkrater Russell, Foto opgeholl mam Lunar Orbiter 4.

De Russell ass ee mat Lava gefëllte Rescht vun engem lunaren Aschlagkrater um Äerdmound. Hie läit am westlechen Deel vum Oceanus Procellarum op der viischter Äerdmoundsäit.

De süd-südwestleche Rand vum Russell iwwerlappt de méi grousse Rand vum Struve Krater, sou datt déi béid Krateren zesummen d'Form vun enger Aacht (8) maachen. Ëstlech vum Russell ass de Briggs Krater ze fannen an am Südoste déi lavagefëllt Iwwerreschter vum Krater Eddington.

Wéinst ville klenge Meteorittenaschléi déi de Rampli iwwerlageren, ass de Rand vum Russell irregulär geformt. De gréisste vun hinnen ass de Briggs A. Am Norde leien nach vill kleng Krateren. De Buedem vum Russel ass wéinst der Lava flaach an op gläicher Héicht mat dem Mare, dat ronderëm läit. Ausserdeem feelt am Zentrum vum Krater d'Knupp déi ee bei ville lunare Kratere gesäit.

Fréier gouf de Russell heiansdo och "Otto Struve A" genannt, oder hie gouf einfach als Deel vum méi grousse Struve-Krater ugesinn. Sou ass en op eelere Moundkaarten net oder ënner dem uewe genannten Numm agedroen, woubäi opzepassen ass, datt och den Eddington heiansdo als "Otto Struve A" bezeechent gouf.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 26,39° N, 78,26° W7 20 km [1]
E 28,6° N, 74,55° W7 10 km [2]
F 28,09° N, 76,5° W7 11 km [3]
R 28,95° N, 75,37° W7 43 km [4]
S 29,35° N, 77,05° W7 25 km [5]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]