Russell Hulse

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Russell Alan Hulse)
Russell Hulse
Gebuer 28. November 1950
New York
Nationalitéit USA
Educatioun University of Massachusetts Amherst,
Bronx High School of Science
Aktivitéit Astronom, Physiker, Astrophysiker, Fuerscher
Member vun American Association for the Advancement of Science

De Russell Alan Hulse, gebuer den 28. November 1950 zu New York ass en US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier fir Physik, deen hie mat sengem Professer Joseph Hooton Taylor Jr., deelt. De Nobelpräis gouf 1993 fir "d'Entdeckung vun engem neien Typ vu Pulsar, deen nei Méiglechkeete fir Fuerschung vun der Gravitatioun bitt, iwwerreecht." De Pulsar heescht PSR 1913+16.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

A senger Jugend ass hien an d'Bronx High School of Science an d'Cooper Union, e private Kolléisch gaangen. No sengem Bachelor-Ofschloss huet hien op d'University of Massachusetts zu Amherst am US-Bundesstaat Massachusetts gewiesselt, wou en 1975 am Fach Physik promovéiert huet. 1974 huet hie bei senger Aarbecht um Arecibo-Observatoire zesumme mam Joseph Hooton Taylor Jr. den éischte binäre Pulsar entdeckt. Fir déi Entdeckung krute si 1993 den Nobelpräis.

No senger Promotioun huet hie vun 1975-1977 beim National Radio Astronomy Observatory zu Charlottesville am Bundesstaat Virginia geschafft. 1977 huet hien du beim Plasma Physics Laboratory vun der Princeton Universitéit ugefaange mat schaffen, well hien an der Astronomie wéineg Carrièrechancë gesinn huet an och méi bei senger Frëndin ze sinn, déi op der University of Pennsylvania studéiert huet. Zanter 2003 schafft hien zousätzlech als Gaaschtdozent op der University of Texas at Dallas.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie