Russesch-orthodox Kierch zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Russesch-orthodox Kierch um Lampertsbierg
D'Kierch vun der Jean-Pierre Probst-Strooss aus gesinn. Riets d'Stäreplaz.

Déi Russesch-orthodox Péiter-a-Paul Kierch an der Stad Lëtzebuerg steet um Lampertsbierg an der Rue Jean-Pierre-Probst, tëscht der Stäreplaz an dem Glacis.

D'Kierch, déi op Initiativ vum Pater Serge Puch (ru: Сергий Пух) gebaut gouf, gouf 1982 ageweit.[1]

Pope vun der Par vun 1982 u bis haut ass de Serge Puch, hie gëtt awer vun 2012 u vum Pater George Machtalère vertrueden.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi russesch-orthodox Par vun der Stad Lëtzebuerg, déi 1929 gegrënnt gouf, hat bis 1982 keng eege Kierch.[1]

D'Initiativ vun enger eegener Kierch geet virun allem op de Sergei Puch zeréck, engem Jong vun engem russeschen Exilant vu Mertert a fréiere Banquier, deen aus den USA op Lëtzebuerg zeréckkomm war. Hie gouf do, no enger stënterlecher Heelung vun enger schwéierer Krankheet, Diakon a spéider Pope.

Hien huet sech dofir agesat, all administrativ Barriären aus dem Wee ze raumen a krut vun der Gemeng Lëtzebuerg en Terrain fir seng zukünfteg Kierch zougesot. Gläichzäiteg huet hien niewebäi aktiv Sue gesammelt fir säi Projet, andeems e weltwäit Bréiwer verschéckt huet, wou e säi Plang vun enger Kierch virgestallt an ëm finanziell Hëllef gebieden huet. D'Destinatairë ware ganz verschidden, souwuel iwwer d'ganz Welt verstreet russesch Privatleit, wéi och all méiglech Hëllefsorganisatiounen. Dës Donatiounen huet de geléierte Banquier Puch geschéckt zu engem favorabele Prozentsaz placéiert, fir dat gesammelt Kapital och jéngeren ze doen. De Puch huet selwer och vill Suen a säi Projet gestach, wouriwwer en awer net gär schwätzt.

Am Mee 1979 huet den Anthony (Bartoschewitch), den Äerzbëschof fir Westeuropa vun der Russesch-orthodoxer Kierch de Grondstee geluecht.

D'Kierch ass a véier Joer gebaut ginn. Si gouf den 12. Juli 1982 op d'Helleg Péiter a Paul konsekréiert.[1]

Déi fënnef Kuppelen hunn eng genee Bedeitung: D'gëlle Mëttelkuppel stellt Christus duer, déi aner Kuppelen a bloer Faarf déi véier Evangelisten. Et gouf och uecht gedoen, d'Kennzeechen an d'Proportioune vun orthodoxen Tempelen ze respektéieren, d'Bannenariichtung mat den Ikone feelerfräi no de Virstellunge vun den orthodoxe Chrëschte ze gestalten.

An der speziell ekipéierter Salle-à-manger ënner der Kierch sinn absënns an der Vakanzenzäit vill Leit. D'Dëscher si gedeckt an a beschter russescher Traditioun gi festlech Iessen, Kanneropféierungen a Chrëschtbeemercher arrangéiert. D'Diere sinn op fir all orthodox Chrëschten, sief et Russen, Ethiopier, Serben, Bulgaren asw., déi een hei treffe kann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier, A., 2014. Den 85. Jahrestag ihrer Gründung feierte die russisch-orthodoxe Pfarrei am vergangenen Wochenende in Luxemburg. Ein Buch ist zum Jubiläum erschienen. Ein Gespräch mit der Autorin Inna Ganschow über das Leben der Gemeinde gestern und heute. Luxemburger Wort vum 26. Juli 2014, S. 13.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Russesch-orthodox Kierch zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Chevalier, A., 2014. Cf. Literatur.