Op den Inhalt sprangen

Russesche Rubel

Vu Wikipedia

De Russesche Rubel (RUB) ass zanter Mee 1992 déi offiziell Wärung vu Russland.

1 Rubel ass an 100 Kopeken ënnerdeelt.

Den éischte Rubel gouf am 14. Joerhonnert a Form vu Gold- a Sëlwermënzen agefouert.

Am 16. Joerhonnert huet sich de Rubel als Bezuelmethod entwéckelt, soudatt en am 17. Joerhonnert am Zarentum Russland als Wärung agefouert gouf.

An der Zäit vun der russescher Revolutioun war de Russesche Rubel enger Hyperinflatioun ausgesat. No der Russescher Revolution a Grënunng vun der Sowjetunioun gouf de Russesche Rubel mam Sowjetesche Rubel ersat.

Nom Zerfall vun der Sowjetunioun hunn d'Nofollgerstaaten de Sowjetesche Rubel als Wärung ofgeleent a wollten eng eege Wärung. Dofir gouf de Sowjetesche Rubel am Joer 1992 mam Russesche Rubel ersat.

Den haitege russesche Rubel (RUB) gouf e puer Méint nom Zerfall vun der Sowjetunioun am Mee 1992 offiziell agefouert. 10 Sowjetesch Rubel goufen 1 Russesche Rubel.

Virun der Neiwäertung am Joer 1998 war d'Verhältnis 1.000 al Russesch Rubel (RUR) zu engem haitege Russesche Rubel (RUB).

"Rubel" heescht souvill wéi "erofschloen."

D'Billjeeën zanter 1997:

Nennwäert Recto Verso Motiv Format a Faarf Ausgabeserie
5 Rubel Recto 5 Rubel Verso 5 Rubel Weliki Nowgorod, Nowgoroder Kreml, Nationaldenkmal Dausend Joer Russland 137 mm × 61 mm
Gréng
1997
(duerch eng Mënz ersat)
10 Rubel Recto 10 Rubel Verso 10 Rubel Krasnojarsk, Jenisseibréck, Staumauer vum Stauséi Krasnojarsker 150 mm × 65 mm
Giel
1997, 2001, 2004
(2009 duerch eng Mënz ersat)
50 Rubel Recto 50 Rubel Verso 50 Rubel Sankt Péitersbuerg, Rostrasailen am Newaufer (Recto: Detail, Récksäit: Gesamtusiicht), Péiter-a-Paul-Festung, fréier Börs 150 mm × 65 mm
Donkelblo
1997, 2001, 2004
100 Rubel Recto 100 Rubel Verso 100 Rubel Moskau, Bolschoi-Theater (Recto: Quadriga; Verso: Gesamtusiicht) 150 mm × 65 mm
Brong
1997, 2001, 2004
200 Rubel Recto 200 Rubel Verso 200 Rubel Sewastopol, Denkmal vun de versenkte Schëffer (Adlersail), Chersones 150 mm × 65 mm
Gréng
2017
500 Rubel Recto 500 Rubel Verso 500 Rubel Archangelsk, Passagéierhafen an der Nërdlicher Dwina, Péiter de Groussen, Solowezki-Klouschter 150 mm × 65 mm
Mof
1997, 2001, 2004, 2010
1000 Rubel Recto 1000 Rubel Verso 1000 Rubel Jaroslawl, Jaroslaw der Weise, Erléiser-Verkläerungs-Klouschter a Gedenkkapell, Kierch Johannes mat enger Dafer mam Glackentuerm 157 mm × 69 mm
Türquoise
1997, 2004, 2010
2000 Rubel Recto 2000 Rubel Verso 2000 Rubel Russki-Bréck, Kosmodrom Wostotschny 157 mm × 69 mm
Blo
2017
5000 Rubel Recto 5000 Rubel Verso 5000 Rubel Chabarowsker Bréck, Nikolai Murawjow-Amurski 157 mm × 69 mm
Rout
1997, 2010
Mënzwäert Bild Material Gewiicht Duerchmiesser Déckt Rand Ausgab
1 Kopeke 1 Kopeke Stol mat Koffernéckeliwwerzuch 1,5 g 15,5 mm 1,25 mm glat 1997
(gëtt zanter 2008 aus dem Ëmlaf gezunn)
5 Kopeken 5 Kopeken Stol mat Koffernéckeliwwerzuch 2,6 g 18,5 mm 1,45 mm glat 1997
(gëtt zanter 2008 aus dem Ëmlaf gezunn)
10 Kopeken 10 Kopeken Messing;
zanter 2006: Stol mat Koffer-Zénk-Iwwererzuch
1,95 g
1,85 g
(zanter 2006)
17,5 mm 1,25 mm geriffelt (98 Riffel);
zanter 2006: glat
1997
50 Kopeken 50 Kopeken Messing;
ab 2006: Stol mat Koffer-Zénk-Iwwerzuch
2,90 g
2,75 g
(zanter 2006)
19,5 mm 1,50 mm geriffelt (105 Riffel);
zanter 2006: glat
1997
1 Rubel 1 Rubel Koffernéckel;
zanter 2009 Stol-Néckel, galvaniséiert
3,25 g
3,0 g
(zanter 2009)
20,5 mm 1,50 mm geriffelt (110 Riffel) 1997
2 Rubel 2 Rubel Koffernéckel;
zanter 2009 Stol-Néckel, galvaniséiert
5,10 g
5,0 g
(zanter 2009)
23,0 mm 1,80 mm ënnerbrach geriffelt
(12 × 7 Riffel)
1997
5 Rubel 5 Rubel Bi-Metall-(Koffer-Néckel-Koffer verkleed);
zanter 2009 Stol-Néckel, galvaniséiert
6,45 g
6,0 g
(zanter 2009)
25,0 mm 1,80 mm ënnerbrach geriffelt
(12 × 5 Riffel)
1997
10 Rubel 10 Rubel Stol mat Messingiwwerzuch 5,63 g 22,0 mm 2,20 mm ënnerbrach geriffelt
(6 × 7 Riffel a 6 × 5 Riffel)
2009
Commons: Russesche Rubel – Biller, Videoen oder Audiodateien