Ry Jaune

Vu Wikipedia
Ry Jaune
Längt 6.200 m
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn Zesummelaf vun 2
Baachen ouni Numm
Plaz Le Fayt
Cerfontaine
Héicht 270 m
Koordinaten 50° 12’ 12.10’’ N
      04° 28’ 06.33’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Eau d'Heure
Plaz Séi vun der Eau d'Heure
Héicht 188 m
Koordinaten 50° 12’ 20.71’’ N
      04° 23’ 33.82’’ O
Geographie
Land Belsch


De Ry Jaune ass eng Baach an der belscher Provënz Namur um Territoire vun der Gemeng Cerfontaine. et ass e rietsen Niewefloss vun der Eau d'Heure.

D'Baach entsteet beim Zesummelaf vun zwéi Grief um Flouer Le Fayt op enger Héicht vun 270 Meter. Se leeft vu do aus an engem géien Dall, permanent bal schnouerriicht a westlecher Richtung fir op enger Héicht vun 188 Meter op der Gemengen- a Provënzgrenz tëscht Cerfontaine (Provënz Nomouer) a Froidchapelle (Provënz Hainaut) an d'Eau d'Heure ze lafen.

De Ry Jaune huet ronn eng Dose kleng Niewebaache vun deenen déi meescht d'Längt vu 500 bis 750 Meter net iwwerschreiden. De Ruisseau du Pré Ursule dee vu lénks draleeft ass dovu mat ronn 2.400 Meter bei wäitem déi längst an och déi eenzeg déi en Numm huet.

Op hirem Wee no ënne gëtt s'am Virstau mat hirem Numm opgehalen ier se weider an de Séi vun der Eau d'Heure leeft.