Sápmi
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der kultureller Regioun vun de Sámi (fréier „Lappland“). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Lappland (Homonymie). |
|
De Samesche Fändel | |
| Land | Norwegen, Schweden, Finnland, Russland |
|---|---|
| Koordinaten | 67° 54’ 00’’ N 18° 30’ 00’’ E |
| Dimensiounen | |


Sápmi ass de samesche Begrëff fir déi kulturell Regioun, an där traditionell d'Sámi (oder Samen) liewen. Se begräift déi nërdlech Deeler vu Fennoskandinaven, déi sech iwwer véier Länner erstrecken: Norwegen, Schweden, Finnland a Russland. D'Gebitt huet keng Eegestännegkeet.
De gréissten Deel vu Sápmi läit nërdlech vum Polarkrees a gëtt vum Barentsmier, dem Norwegesche Mier an dem Wäisse Mier agegrenzt. Am Süde stéisst d'Gebitt op d'Provënzen Trøndelag (Norwegen) a Jämtland (Schweden).
Déi meescht Sámi liewen an e puer traditionelle Gebidder am nërdlechsten Deel vu Sápmi, absënns an de Gemenge Kautokeino a Karasjok. Inari gëllt als ee vun den Zentre vun der samescher Kultur.
D'Sámi sinn en indigeent Vollek, dat fréier „Lappen“ genannt gouf, an hiert Land, dovun ofgeleet, „Lappland“. Déi Begrëffer sinn hautdesdaags vereelzt a ginn als pejorativ ugesinn[1].
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Et ass schwéier, Schätzunge vun den Awunnerzuelen ze maachen, well Sápmi net prezis definéiert ass. Et ass och schwéier, d'Verdeelung vun ethnesche Gruppen opzestellen, well vill Leit eng duebel oder méifach ethnesch Identitéit hunn – si gesi sech selwer als Member vun der Majoritéitsbevëlkerung a gehéieren zu enger oder méi Minoritéitsgruppen.
D'Zuel vun de Sámi gëtt allgemeng op tëscht 80.000 an 100.000 geschat. Vill liewen der a Gebidder baussent Sápmi, wéi z. B. zu Oulu, Oslo, Stockholm oder Helsinki.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sápmi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Indigene Völker Europas. Die Sami: Bedrohte Kultur in Lappland, 1990. www.gfbv.it. Gekuckt den 22.04.2026.