Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen

Vu Wikipedia
Sëtzungssall vum Sécherheetsrot am UN-Haaptquartéier zu New York

De (Welt-)Sécherheetsrot (Englesch: United Nations Security Council ; Arabesch:مجلس الأمن الأمم المتحدة; Chineesesch: 联合国安全理事会; Franséisch: Conseil de sécurité des Nations unies; Russesch: Совет Безопасности Организации Объединённых Наций; Spuenesch: Consejo de Seguridad de Naciones Unidas) ass dat mächtegst Organ vun de Vereente Natiounen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi konstituéirend Sëtzung vum Sécherheetsrot war de 17. Januar 1946. Dës an déi follgend Sëtzunge goufen am Londoner Church House ofgehalen.

Membere vum Sécherheetsrot[änneren | Quelltext änneren]

De Rot besteet aus fënnef permanenten an zéng net-permanente Membere vun de Vereente Natiounen. All Joer gëtt d'Hallschent vun den zéng Länner, déi wiesselen, duerch d'UN-Generalversammlung op zwee Joer nei gewielt. Si gi vun der Generalversammlung confirméiert an no regionale Gruppen ausgesicht. Sou gëtt dorop geuecht, datt vun den zéng net-permanente Memberen der dräi aus Afrika, zwéin aus Asien, zwéin aus Latäinamerika, een aus Osteuropa an zwéin aus Westeuropa oder der iwwereger westlecher Welt (wéi: Kanada, Australien oder Neiséiland) kommen. Tëscht dem Ausscheeden an dem Erëmwiele vun engem Staat aus dem Sécherheetsrot muss op d'mannst ee Joer leien – datt e Land direkt erëmgewielt gëtt, ass also ausgeschloss. En net festgeschriwwent, awer praktizéiert Gesetz ass, datt bannent den uewe genannte Weltregiounen e rotéirende System herrscht, dat alle Länner erméiglecht, an engem festen Turnus e Sëtz am Sécherheetsrot ze hunn. De Representant vun engem Sécherheetsrot-Member muss zu all Zäit am UNO-Haaptquartéier erreechbar sinn, soudatt de Rot jiddwerzäit zesummentriede kann.

Permanent Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Net-Permanent Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1946 bis 1965 gouf et nëmme 6 net-permanent Memberen am Sécherheetsrot

Zanter 1966 sinn 10 net-permanent Memberen am Sécherheetsrot

eejäreg Amtszäite sinn a Kursivschrëft

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United Nations Security Council – Biller, Videoen oder Audiodateien