Op den Inhalt sprangen

Séihond

Vu Wikipedia
Séihond / Phoque

Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Chordadéieren (Chordata)
Klass: Mamendéieren (Mammalia)
Uerdnung: Fleeschfrësser (Carnivora)
Ënneruerdnung: Hondsdéieren (Caniformia)
Famill: Hondsrobben (Phocidae)
Gattung: Echt Hondsrobben (Phoca)
Wëssenschaftlechen Numm
Phoca vitulina
Linnaeus

De Séihond, och nach Phoque genannt,[1] (Phoca vitulina) ass eng Robb an der Famill vun den Hondsrobben (Phocidae).

En erwuessene Séihond moosst 1,3 bis 1,9 Meter a weit tëscht 60 an 150 Kilogramm. Säi Pelz ass donkelgro bis beige an huet vill kleng a méi oder wéineg donkel Flecken.[2]

En huet e breede, ronne Kapp, mat enger däitlecher Abuchtung tëscht Stier a Schnëss, a kleng V-fërmeg Nueslächer, déi no beienee leien. Dorunner kann een de Séihond vum Groe Phoque (op Däitsch: Kegelrobben) ënnerscheeden: deem seng Schnëss ass méi längelzeg a geet riicht vun der Stier aus, an huet parallel, längelzeg Nueslächer.[2]

Séihënn erneieren all Joer am Summer hire Pelz.[2]

D'Paarungszäit ass an Europa am August, duerno dréit d'Weibchen dat Jonkt 11 Méint laang a bréngt et tëscht Juni a Juli op enger Sandbänk op d'Welt.[3] Déi Jong kënne schwamme, soubal si gebuer goufen a gi véier oder fënnef Woche laang vun der Mamm geniert.[4]

Bei senger Gebuert ass e jonke Séihond ongeféier 80 Zentimeter laang an huet e Gewiicht vun aacht bis 10 Kilogramm.[2]

Liewensgebitt a Populatioun

[änneren | Quelltext änneren]
Liewensgebitt (blo) vum Séihond.

Séihënn kommen op den temperéierten an arktesche Küste vun der nërdlecher Hemisphär vir a sinn déi am wäitste verbreet Aart vun de Robben (Pinnipedia), zu deenen och zum Beispill d'Walross zielt.

Et fënnt ee Séihënn an de Küstegewässer vum nërdlechen Atlantik a vum Pazifik, an am Baltesche Mier an am Nordmier.

Et gëtt geschat, datt et tëscht 350.000 a 500.000 Séihënn op der Welt gëtt. Hir Populatioun ass weltwäit net a Gefor, mee hir Presenz a Grönland, op Hokkaido an am baltesche Mier ass eng Ausnam.

Séihënn gëllen als opportunistesch, wat hir Ernierung betrëfft: se friessen haaptsächlech Fësch, dorënner méi platt Fësch wéi ronner, an och Crevetten. En ausgewuessene Phoque frësst duerchschnëttlech zwéi bis dräi Kilo den Dag; heiansdo souguer bis zu siwe Kilo, mee duerno e puer Deeg laang näischt.[2],[5]

An Europa si Séihënn mëttlerweil geschützt, mee nach bis an d'20. Joerhonnert goufe s'als Konkurrente vun de Fëscher a massiven Zuele gejot an ëmbruecht. Et goufe souguer Primme fir all erluechte Phoque bezuelt. Am Nordmier goufen d'Bestänn staark reduzéiert, an am baltesche Mier goufe se bal komplett ausgerott. An Däitschland gouf d'Juegd eréischt an den 1970er gestoppt.[6]

D'Bestänn hu sech zënterhier erëm erholl, trotz Réckschléi an de Joren 1988 an 2002, wéi Dausende Séihënn un déidlechen Epidemië gestuerwe sinn.[6]

 Commons: Séihond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Et gett e puer Aarte vu Phoquen; de Séihond ass op Franséisch de "Phoque commun" oder "phoque veau-marin".
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 (fr) Le Phoque veau-marin. Parc naturel marin Estuaires picards et de la mer d'Opale. Gekuckt den 23. Juli 2025.
  3. (de) Seehunde in Wattenmeer und Nordsee. Seehundstation Norddeich. Gekuckt den 23. Juli 2025.
  4. (de) Phoca vitulina - Kleiner Seehund. Bundesamt für Naturschutz (Däitschland). Gekuckt den 23. Juli 2025.
  5. (de) Nahrungsnetz. Seehundstation Norddeich. Gekuckt den 23. Juli 2025.
  6. 6,0 6,1 (de) Kulleräugiger Unterwasser-Jäger - Der Seehund (Phoca vitulina). nabu.d. Gekuckt den 23. Juli 2025.