Sëlwerfëschelchen

Vu Wikipedia
Sëlwerfëschelchen
E Sëlwerfëschelchen

E Sëlwerfëschelchen
E Sëlwerfëschelchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Ënnerklass Apterygota
Uerdnung: Zygentoma
Famill: Lepismatidae
Gattung: Lepisma
Wëssenschaftlechen Numm
Lepisma saccharina
Linnaeus, 1758

De Sëlwerfëschelchen (Lepisma saccharina) ass eng Insektenaart, déi weltwäit heefeg a Wunnenge virkënnt. En huet e sëlwergroen, stroumlinnefërmege Kierper vu ronn engem Zentimeter Längt (ouni Fühleren), ass flénk, liichtschei an huet keng Flilleken.

De Sëlwerfëschelche brauch op d'mannst 4 Méint, och alt 3 Joer, bis en ausgewuess ass. E kann 2 bis 8 Joer al ginn. D'Weibche leet eng honnert Eeër a Splécken a Baschten, wann et waarm genuch ass.

Am léifsten huet en Temperaturen tëscht 20 an 30 Grad an eng héich Loftfiichtegkeet. Dofir ass e virun allem a Kichen, Buedzëmmeren a Wäschkichen ze fannen, wou e sech daagsiwwer a Baschten a Splécke verstoppt.

A Mëtteleuropa kënnen d'Sëlwerfëlschelcher am Fräien nëmmen ausnamsweis, op besonnesch sonnege Plazen, iwwerliewen. Zu Lëtzebuerg si bis elo siwen där Statioune bekannt, dorënner d'Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes[1].

Sëlwerfëschelcher friessen am léifsten Hautreschter an Hoer, oder Substanze mat Stäerkt dran, wéi Pap, Buchabänn, Fotoen, mä och Kotténg, Léngent oder Seid. Si kënnen e puer Méint ouni Friessen auskommen.

Natierlech Feinde sinn Ouerewierm a Spannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lepisma saccharina – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Meisch 1974, 1977. De selwechten Auteur (onverëffentlecht) konnt am Juni 2009 d'Populatioun vun 1974 beim Monument erëmfannen.