Sëtz vun den europäeschen Institutiounen

Vu Wikipedia

D'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen ass eng Fro iwwer déi an der Vergaangenheet vill geschriwwen an och gestridde ginn ass.

De Sëtz vun der Montanioun[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Reunioun vun de Ministeren, déi den Traité vum Schumanplang ënnerzeechent haten, gouf an der Nuecht vum 25. op de 26. Juli 1952 eng Decisioun iwwer den Aarbechtssëtz vu sengen Organe geholl. Laang an haart Diskussioune waren deem Choix virausgaangen. Am Fong ass nëmmen decidéiert ginn:

  • Datt d'Decisioun iwwer de Sëtz méi spéit vun de 6 Ausseministere soll geholl ginn an datt
  • an der Tëschenzäit déi Héich Autoritéit an de Geriichtshaff vun der CECA zu Lëtzebuerg hir Aarbecht sollten ophuelen, an zwar den 10. August, no knapps 14 Deeg also.

Dës Diskussioun war virum Hannergrond vun der Europäiséierung vun der Saar. Saarbrécken hat an där Perspektiv seng Kandidatur schonn den 11. Juni 1951 gestallt, ma si ass als verfréit ugekuckt ginn, well d'Fro vum Statut vun der Saar nach net geléist war. Et louch och d'Kandidatur vu Léck (Liège) fir, déi zwar an deem Moment keng Chancen hat, iwwer aus elektorale Grënn vum belschen Ausseminister Paul van Zeeland haartnäckeg ënnerstëtzt gouf. Bréissel war och am Gespréich. Lëtzebuerg war sengersäits zwar um Sëtz intresséiert an hat am Hannergrond seng Jalonen gesat. An den Diskussiounen huet de Joseph Bech sech iwwer zeréckgehalen, d'Bipolarléisung Turin-Stroossbuerg (Héich Autoritéit zu Turin an d'Parlament zu Stroossbuerg) war och eng Méiglechkeet, déi vill Gefale fonnt hat, an déi och bal zeréckbehale gi war, hätt de Jean Monnet net an deem Fall mat engem Verzicht op d'Presidentschaft vun der Héijer Autoritéit gedreet.

Well awer no laange Verhandlungen keen Accord fonnt ginn ass, huet de Joseph Bech d'Noutléisung proposéiert, da sollt alt fir unzefänken d'Héich Autoritéit zu Lëtzebuerg hir Aarbecht ufänken. A well d'Angscht vum: "Il n'y que le provisoire qui dure" och an der Loft louch, (de Konrad Adenauer huet se geäussert) hu verschidden Delegatioune verstanen, Lëtzebuerg géif sech dann net ëm den definitive Sëtz bewerben. Liest de Bäitrag vum Edmée CROISÉ-SCHIRTZ: "La bataille des sièges (1950-1958)" iwwer dës schwiereg Verhandlungen.

Plädoyer fir e "Siège unique" an d'Schafe vun engem "District fédéral"[änneren | Quelltext änneren]

Vun deem Moment un, wou d'europäesch Integratioun weidergedriwwe gouf, an d'Schafe vun neien Europäeschen Institutiounen an der Luucht louch, ass d'Fro vum Siège méi akut ginn.

De Jean Monnet huet den Optakt ginn. Seng Stellung war vun Ufank u kloer. A senge Memoirë bezeechent hien d'Decisioun vum 25. Juli 1952 iwwer de Siège, no 18 Stonnen opreiwende Verhandlungen als eng histoire peu glorieuse. Hie fiert virun:

Je n'avais pas de préférence pour tel ou tel lieu en Europe, l'important était que ce lieu fût le siège unique de toutes les institutions à créer et qu'il fût érigé en territoire européen, préfiguration du district fédéral de l'avenir.

Dem Jean Monnet huet d'Kreatioun vun engem District fédéral zu Fontainebleau bei Paräis virgeschwieft. D'Stëmmen, déi fir e Siège unique an een District fédéral plädéiert hunn, sinn ëmmer méi heefeg ginn, besonnesch wéi de Victor Larock, deemolege President vum Ministerrot vun der EG, d'Presidente vun den Europäeschen Institutiounen opgeruff huet, fir hiren Avis iwwer de Siège ofzeginn. Och d'Europadeputéiert hu sech zu dësen Iddie bekannt.

Et bleift trotzdeem wouer, datt d'Iddi vum District fédéral ni richteg verdéift gouf an och kee Land eeschtlech dru geduecht huet, fir en Deel vu sengem Territoire opzeginn an en enger internationaler Autoritéit z'ënnerstellen.

D'Lëtzebuerger Positioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Regierung ass vun Ufank un fir d'Erhalung vum Siège vun der CECA agetratt an hat och schonn op Initiativ vum Albert Wehrer, deen un de Verhandlungen iwwer de CECA-Vertrag deelgeholl huet, eng diplomatesch Viraarbecht an deem Sënn gemaach. Et trëfft trotzdeem zou, dat verschidde Kreesser am Ufank net iwwerglécklech iwwer dës Decisioun waren. Als Argument huet et geheescht: D'Presenz vun deene villen internationale Beamte géif zu engem Opdriff vun de Präisser an de Léin féieren. D'Iwwerfriemung an d'Verbreedung vun engem ze vill liberale Geescht gouf vun anere gefaart. Et ass awer ni nogewise ginn, vu wou dës Befierchtungen, déi net allgemeng gedeelt gi sinn, ausgaange sinn.

Engt steet allerdéngs fest: Lues a lues ass d'CECA zu engem wichtege politeschen a wirtschaftspolitesche Standbeen zu Lëtzebuerg ginn, op dat kee méi bereet war, ze verzichten. Weeder de Joseph Bech nach seng Vertrieder an den Europäeschen Assembléeën hu sech spéider fir en District fédéral begeeschtert an hunn och net fir e Siège unique plädéiert, ma fir eng Dezentraliséierung vun den Institutiounen a fir d'Erhale vum Sëtz vun den Institutiounen déi zu Lëtzebuerg zanter 1952 implantéiert waren. Dat ass och aus der Iwwerzeegung eraus geschitt, datt am konkreete Fall d'Regierunge sech ni op eng an déi selwecht Stad als Siège unique eeneg gi kéinten, wat och agetratt ass.

Dat erkläert och, firwat Lëtzebuerg sech spéider méi staark fir d'Erhale vum Status quo agesat huet wéi fir d'Implantatioun vun zousätzlechen europäeschen Institutiounen. Zwar huet de Joseph Bech spéider wësse gedoen, datt Lëtzebuerg bereet wier, all nei Institutiounen opzehuelen, am Fall wou d'Regierungen d'Solutioun vum Siège unique géifen zeréckbehalen, ma datt hien och eng aner Solutioun wéi déi vum Siège unique akzeptéiere kënnt. An deene Konditiounen huet och Lëtzebuerg seng Kandidatur fir sämtlech Institutiounen du gestallt, bewosst, datt d'Chance vu Lëtzebuerg als Siège unique net all ze grouss wieren.

D'Europäesch Parlamentarier mësche sech an[änneren | Quelltext änneren]

D'Europäesch parlamentaresch Versammlungen haten zwar keng direkt Kompetenz wat de Sëtz vun den Institutiounen ugeet, mä konnte bestëmme wou se hir Sëtzunge géifen ofhalen, mat Ausnam vun hire Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg. Mä si hunn ëmmer versicht zum Ausdrock ze bréngen:

  • datt eng Decisioun iwwer de Sëtz en urgente Charakter hätt,
  • datt se majoritär fir d'Bezeechnung vun engem Siège unique wieren an
  • datt se d'Iddi vum Schafe vun engem District fédéral géife begréissen .

Verschiddentlech hunn d'Europadeputéiert dat och a Resolutiounen zum Ausdrock bruecht. Op d'Resolutioun, déi d'Europadeputéiert den 21. Juni 1958 gestëmmt hunn, gëtt an deem Kontext ëmmer erëm higewisen. Bei där Geleeënheet hu se och zum Ausdrock bruecht, wat fir Stied se hir Preferenze géife ginn, an zwar an éischter, zweeter an drëtter Positioun. Hei d'Resultat vun deem Vott:

  • An éischter Positioun:
    • Bréissel: 46
    • Stroossbuerg: 31
    • Mailand: 30
    • Nice: 11
    • Lëtzebuerg: 5
  • An zweeter Positioun,
    • Nice: 46
    • Lëtzebuerg: 28
    • Stroossbuerg:26
    • Mailand: 16
    • Bréissel: 7
  • An drëtter Positioun:
    • Mailand: 33
    • Nice: 28
    • Lëtzebuerg: 28
    • Bréissel: 18
    • Stroossbuerg:16

Fir Lëtzebuerg, dat duerch Bréissel, Stroossbuerg, Nice a Mailand geschloe gouf, an nëmme 5 Stëmmen an éischter Preferenz kritt hat, war dat Resultat net besonnesch schmeechelhaft. D'Impressioun hat sech nämlech bei den Europäesche Parlamentarier aus den anere Länner verbreet, Lëtzebuerg hätt net déi noutwenneg Infrastrukturen a wier och net um Sëtz vun den zousätzlechen Europäeschen Institutiounen eeschtlech intresséiert.

Choix vum Sëtz vun den Institutiounen, an der Ministerreunioun vum 6. a 7. Januar 1958 zu Paräis[änneren | Quelltext änneren]

D'Diskussiounen iwwer de Sëtz vun den neien Europäeschen Institutioune waren 1958 nach méi haart an hunn nach zu manner Resultate gefouert wéi 1952, trotz der Tatsaach, dat déi nei Kommissiounen, déi vum Marché Commun an déi vun Euratom, schonn den 1. Januar 1958 hir Aarbecht sollten ophuelen. Et gouf nëmme beschloss:

  • De Prinzip vum Siège unique gouf affirméiert
  • D'Ministere si sech eens ginn, fir en Avis vun de Presidente vun den Institutiounen ze froen.
  • Eng Expertekommissioun sollt mat der Préiwung vun de Kandidature chargéiert ginn (D'Aarbechte vun där Expertekommissioun hunn awer net zu Resultater gefouert).
  • D'Parlament sollt zu Stroossbuerg seng Sëtzungen hunn.

Wat de Sëtz vun de Kommissioune vum Marché commun a vun Euratom ugeet, hunn d'Ministere beschloss, hire Presidenten nozeleeën, si sollten hir Reuniounen am Domaine vu Val Duchesse, zu Auderghem bei Bréissel, an zu Lëtzebuerg aberuffen. Déi Decisioun ass awer net respektéiert ginn; d'Bureausraimlechkeeten, déi d'Héich Autoritéit zu deem Zweck an hirem Gebai zu Lëtzebuerg an der Aldringerstrooss reservéiert hat, sinn ni benotzt ginn.

An dunn ass näischt méi geschitt bis 1965.

1965 sinn d'Europäesch Institutiounen opgespléckt ginn[änneren | Quelltext änneren]

Eréischt 1965 hunn d'Regierungsvertrieder d'Heft erëm an d'Hand geholl an an hirer Decisioun vum 8. Abrëll 1965 ee provisoresche Sëtz vun den Europäeschen Institutioune bestëmmt. Dat huet bedeit:

  • Fir Bréissel: d'Schafe vun enger rechtlecher Grondlag fir de Sëtz vun den Institutiounen, déi sech de facto do niddergelooss haten;
  • Fir Lëtzebuerg a Stroossbuerg: d'Confirmatioun vun der Decisioun vum 25. Juli 1952, wat de Sëtz vu gewësse Schumanplang-Institutiounen ugeet.
  • En Novum war et och datt bestëmmt Vokatioune festgehale si ginn fir d'Implantatioun vun den Institutiounen, déi an Zukunft geschaf géifen.

Et war eng Opspléckung vun den Institutiounen, déi am Géigesaz zum ëmmer erëm gefuerderten Siège unique stoung. Des Opdeelung huet follgendermoossen ausgesinn:

  • Prinzip: Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg bleiwen déi provisoresch Aarbechtszentre vun den Institutioune vun der Communautéit. Bréissel gëtt provisoresche Sëtz vun allen Institutioune mat follgenden Ausnamen:
  • Zu Lëtzebuerg:
    • D'Generalsekretariat vun der Assemblée parlementaire
    • Den Europäesche Geriichtshaff an aner juristesch a quasi juristesch Servicer, déi scho bestinn oder geschaf wäerte ginn;
    • Den Europäesche Rechnungshaff;
    • D'Europäesch Investitiounsbank;
    • Den Office Ssatistique vun den Europäesche Communautéiten ("Eurostat")
    • D'Amt fir Publikatioune vun der Europäescher Unioun ("OPUE")
    • Déi finanziell Interventiounsservicer vun der CECA an eng Rei aner Servicer, déi preziséiert goufen;
    • D'Ofhale vun de Ministerrotssëtzungen an de Méint Abrëll, Juni an Oktober;
    • D'Ofhale vun de Sëtzunge vum Comité monétaire zu Lëtzebuerg an zu Bréissel (eng Bestëmmung, déi net agehale gouf);
    • Bereetschaft fir aner finanziell Organer a Servicer, déi scho bestinn oder geschaf ginn, zu Lëtzebuerg ze lokaliséieren (Beim Schafe vum Fonds de Coopération monétaire (1973) a vun der Europäescher Zentralbank (1998) ass déi Bestëmmung awer net respektéiert ginn).
    • Zu Stroossbuerg: Ofhale vun de Sëtzunge vun der Parlamentarescher Assemblée, spéider dem Europaparlament (Dës Bestëmmung gouf net agehalen, wéi och Plenarsëtzungen zu Bréissel ofgehale gi sinn).

Den Europäesche Geriichtshaff tranchéiert[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Decisioun vun 1965 iwwer de Sëtz net integral respektéiert ginn ass an haaptsächlech d'Parlament Beamte vu Lëtzebuerg no Bréissel transferéiert huet, ass d'Parlament vun der Lëtzebuerger Regierung ugesicht ginn. Den Europäesche Geriichtshaff huet awer a sengem Arrêt vum 10. Februar 1983 dee Recours verworf, d'Bestëmmungen iwwer de Sëtz relativéiert a festgehalen, datt d'Parlament och déi praktesch Noutwendegkeeten beim Ofhale vu Sëtzungen zu Bréissel kënnt berécksiichtegen.

Den Europäesche Conseil vun Edinburgh[änneren | Quelltext änneren]

Eng definitiv Decisioun iwwer de Sëtz gouf eréischt den 12. Dezember 1992 um Sommet vun Edinburgh geholl. Am wesentleche gouf d'Opdeelung, sou wéi se 1965 decidéiert gi war, bestätegt, mat der Ausnam:

  • Datt keng Assurance iwwer d'Implantatioun vun neie finanzpoliteschen Institutioune méi zeréckbehale ginn ass an datt
  • D'Recht vu Stroossbuerg op 12 Plenarsëtzunge vum Parlament beschränkt gouf.

Lëtzebuerg huet dës Decisioun ugeholl, ma zum Ausdrock bruecht, datt dës Bestëmmungen am Geescht vun der Ofmaachunge vun 1965 z'interpretéiere wieren.

Den Traité vun Amsterdam, deen den 1. Mee 1999 a Kraaft getrueden ass, huet an engem Zousazprotokoll d'Bestëmmunge vum Sommet vun Edinburgh iwwerholl.

Wat d'Fro vun de Servicer vun der Europäescher Kommissioun betrëfft, déi zu Lëtzebuerg sinn, sou ass hire Status an engem Accord tëscht dem deemolege Vizepresident vun der Kommissioun, dem Neil Kinnock, an der Lëtzebuerger Ausseministesch, der Lydie Polfer vum 24. Mäerz 2003 preziséiert a consolidéiert ginn. Dora gouf als Neierung festgehalen, datt den Iwwersetzerdéngscht vun de Sprooche vun deene Länner, déi 2004 der EU bäigetruede sinn, op Lëtzebuerg kéim.

2009 hu ronn 11.000 Leit bei den EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg geschafft; d'EU ass deemno, nom Staat, deen zweetgréissten Employeur zu Lëtzebuerg.

Fazit[änneren | Quelltext änneren]

Méi wéi 40 Joer hat et gedauert, bis d'Sëtzfro um Regierungsniveau definitiv geléist gouf.

Aus der Analys vun der Sëtzfro geet zesummefaassend ervir:

  • Bei der Grënnung vun de Europäescher Unioun huet et bei den Decisiounen iwwer hire Sëtz u Kloerheet gefeelt:
  • Bei der Schafung vun der Héijer Autoritéit gouf beschloss, datt si hir Aarbecht zu Lëtzebuerg sollt ophuelen. Et gouf dofir verschiddentlech vun engem Siège provisoire oder och précaire geschwat.
  • Bei der Kreatioun vun de Kommissioune vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft a vun Euratom gouf nëmme festgehalen, dat se hir Reuniounen ofwiesselend zu Bréissel an zu Lëtzebuerg sollten ofhalen, eng Decisioun, de ni respektéiert ginn ass.
  • Duerch d'Fusioun vun den Organer vun der Europäescher Gemeinschaft ass d'Fro vum Sëtz vun den Institutiounen, déi schonn een éischt Standbeen haten, méi komplex ginn.
  • Iwwer de Siège Unique, deen zwar vu ville Säite prekoniséiert ginn ass, gouf zwar vill geschwat, ma et gouf ni vu Regierungssäiten een eeschte Schrack an déi Richtung gemaach.
  • Dat selwecht trëfft fir d'Iddi vum District fédéral zou, eng Iddi, déi zwar an der Loft louch, ma ni konkreet Formen ugeholl huet a kee Land eng seriö Kandidatur an deem Sënn gestallt a verdeedegt huet.
  • D'Lëtzebuerger Positioun, déi drop erausgelaf ass, fir d'Erhale vum Status quo (CECA-Sëtz) sécherzestellen, ma net mat Nodrock fir d'Bezeechnung vu Lëtzebuerg als Siège unique plädéiert huet, ass net gutt ukomm. Besonnesch d'Europadeputéiert haten den Androck, Lëtzebuerg hätt nëmme materiell Interessen a wier net eeschtlech un engem Sëtz, wéi ënner anerem d'Parlament sech e virgestallt huet, intresséiert.
  • D'Decisioun iwwer de Sëtz vun den Europäeschen Institutioune vun 1965 ass net voll respektéiert ginn an dofir ware Korrekturen an Nobesserungen néideg.
  • 1993 gouf d'Sëtzfro bis op Weideres geléist an ass duerch d'Eriwwerhuele vun deem Accord an den Traité vun Amsterdam, 1999, a Bëtong gegoss ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.