Op den Inhalt sprangen

Südossetien

Vu Wikipedia
Republik Südossetien
osseetesch Хуссар Ирыстон Chussar Iryston
russesch Южная Осетия Juschnaja Ossetija
georgesch სამხრეთი ოსეთი Samchreti Osseti

Fändel vu Südossetien

Wope vu Südossetien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Russesch, Osseetesch, Georgesch
Haaptstad: Zchinwali
Staatsform: Presidentielle System
  President: Alan Gaglojew
  Premierminister: Konstantin Dschussojew
Fläch: 3.885 km²
Bevëlkerung: 56.520
Wärung: Russesche Rubel, Gedenkmënze vu Südossetien
Zäitzon: UTC +3

Südossetien (osseetesch: Хуссар Ирыстон Chussar Iryston, russesch: Южная Осетия Juschnaja Ossetija, georgesch: სამხრეთი ოსეთი Samchreti Osseti) ass eng Regioun südlech vum Kamp vum Grousse Kaukasus. Südossetie gehéiert vëlkerrechtlech zu Georgien, betruecht sech selwer awer zënter dem 20. September 1990 als onofhängeg "Republik Südossetien". D'Gebitt vu Südossetien ass 3.885 km² grouss an huet – de Schätzungen no – 56.520 Awunner(Stand 2022).

D'Onofhängegkeet vu Südossetie gëtt nëmme vu follgende fënnef Staaten unerkannt: Russland, Nicaragua, Venezuela, Nauru a Syrien. Südossetie bilt zesumme mat de Regiounen Transnistrien an Abchasien, déi all zur fréierer Sowjetunioun gehéiert hunn, d'Gemeinschaft vun netunerkannte Staaten.

Déi de facto onofhängeg Republik Südossetien ass a 4 Rajonen (Distrikter) opgedeelt; do dernieft gëtt et nach déi rajonfräi Haaptstad Zchinwali.

Osseetesch, Russesch – a regional och Georgesch – sinn déi offiziell Sproochen.

 Commons: Südossetien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]