Op den Inhalt sprangen

Société mathématique du Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SML)
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Société mathématique du Luxembourg
Rechtsform Association sans but lucratif
Zweck Enseignement supérieur
Grënnungsdatum 10. Januar 1989
Sëtz Esch-Uelzecht
President Giovanni Peccati
RCS F3446
Websäit http://math.uni.lu/sml

D'Société mathématique du Luxembourg, ofgekierzt SML, ass eng lëtzebuergesch ASBL fir Mathematiker, déi 1989 gegrënnt gouf. D'SML ass Member vun der European Mathematical Society.[1]

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptzil vum Veräin ass d'Promotioun vun der renger an der ugewannter Mathematik an zu hiren Aktivitéite gehéieren:

  • d'Organisatioun vu Konferenzen, Workshoppen, Seminairen, Ronndëschgespréicher asw.
  • d'Editioun vu Bicher, mathematesche Journallen, Newsletter asw.
  • d'Representatioun vun der Mathematik an de mathematesche Beruffer zu Lëtzebuerg, an a baussent dem Grand-Duché.

„Les moyens d'action de la Société sont tous ceux susceptibles d'assurer la poursuite de la mission définie à l'article premier, notamment :

  • l'organisation et le soutien de colloques, conférences, débats;
  • la favorisation de la mise en réseau des personnes qui pratiquent les mathématiques ou qui s'y intéressent;
  • la facilitation de la diffusion des mathématiques par le biais de publications scientifiques et de la sensibilisation du grand public;
  • la représentation des mathématiciennes et mathématiciens du Luxembourg auprès des organismes, fédérations, sociétés et personnalités concernés, tant au niveau national qu'international, et entretien des relations constructives avec ceux-ci;
  • la création et le décernement des prix visant à reconnaître l'excellence dans le domaine des sciences mathématiques.“
Art. 2 vun de Statute vum 25.11.2024

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://web.archive.org/web/20221124150917/https://math.uni.lu/sml/organisaton/about_us.html (Opgeruff de 24.11.2022)