SMS (Frequenzband)

Vu Wikipedia

D'SMS-Frequenzband ("SMS" heescht Satellite Media Services oder Satellite Message Services) ass ee Frequenzberäich vum Ku-Band.

Bildregiepult an engem Transmissiounswon.

De Frequenzberäich gouf Enn vun den 1970er-Jore fir Noriichtesatellitte verginn a sollt wuel gréisstendeels fir d'Iwwerdroe vu Radiossendunge vun Transmissiounsween aus an d'Sendezentral a vu Sendezentralen ënnereneen déngen, souwéi fir de Kontakt mat Kabelnetzer.

Allerdéngs gouf d'SMS-Band vun Enn vun den 1980er-Joren och vun Distanzmeldesatellitte gebraucht, déi als Televisiounssatellitten hir Programmer direkt un de Spektateur ausgestraalt hunn. Kuckt: DFS-Kopernikus.

Frequenze vum SMS-Band[änneren | Quelltext änneren]

Downlink: 12,5 - 12,75 GHz.

Als Uplinkfrequenzberäich hat sech d'SMS-Band ufanks zesumme mat dem FSS-Band de Beräich tëscht 14,0 - 14,5 GHz. gedeelt. Dat ass och haut nach bei villen Noriichtesatellitten de Fall.

Dat war bei Satellittesystemer mat ville copositionéierte Satellitten net méiglech. Dofir gëtt z. B. beim Astra-Satellittesystem den Uplink tëscht 13,75 - 14,0 GHz gemaach.

Als Polarisatiounsrichtunge sinn "horizontal" a "vertikal" virgeschriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie