Op den Inhalt sprangen

Saar

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Saar
D'Saarschleef bei Orscholz
Längt 246 km
Debit 78,2 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 7.431 km²
Originn
Originn Konfluenz
Rout Saar
Wäiss Saar
Plaz Hermelange
Héicht 260 m
Koordinaten 48° 40’ 36’’ N
      07° 00’ 45’’ O
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Konz
Haaptnieweflëss Blies
Geographie
Land Frankräich
Däitschland
Regioun Grand Est
Saarland
Rheinland-Pfalz

D'Saar (franséisch: Sarre) ass e Floss, deen an nërdlecher Richtung aus de Vogesen, am Elsass duerch Loutrengen an déi däitsch Bundeslänner Saarland a Rheinland-Pfalz leeft. Mat 235 Kilometer ass se de längsten Niewefloss vun der Musel; hire Baseng ëmfaasst 7.431 km² an ass domat ongeféier dräimol sou grouss wéi d'Saarland mat 2.569,69 km².

D'Saar entsteet aus dem Zesummefloss vun der Rouder Saar (Sarre rouge) an der Wäisser Saar (Sarre blanche) bei Hermelange. Si leeft da ronn 121 km duerch d'franséisch Regioun Grand Est. Tëscht Sarreguemines a Saarbrécken-Güdingen mécht s'op ongeféier 11 km déi däitsch-franséisch Grenz. Zu Sarreguemines hëlt s'och hire gréissten Niewefloss, d'Blies, op.

Duerno fléisst se ronn 68 km duerch d'Saarland, dat och säin Numm vum Floss kritt huet, an zirka 31 km duerch Rheinland-Pfalz, bis se zu Konz vu riets an d’Musel leeft.

Déi éischt schrëftlech Ernimmung vun der Saar als Saravus fënnt een am Gedicht Mosella vum réimeschen Dichter a Staatsbeamten Decimus Magnus Ausonius (310–393). Den Numm vum Floss ass vu virkelteschem Urspronk an enthält déi indoeuropäesch Wuerzel ser oder sar, wat "fléissend Waasser" bedeit.

Baseng Niewewebaseng Rang 3 Rang 4
Rhäin Musel Saar Blies
Albe
Isch
Biévre
Rout Saar / Wäiss Saar

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Saar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]