Saaremaa
| Saaremaa | |
|---|---|
|
| |
| Geographie | |
| Land | Estland |
| Läit an/am | Baltescht Mier |
| Koordinaten | 58°25'N, 22°30'O |
| Fläch | 2.672 km² |
| Verwaltung | |
| Demographie | |
| Awunner | 29.753 |
| Awunnerdatum | 31. Dezember 2011 |
| Aner Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC+2 |
|
| |
|
| |
Saaremaa ass mat enger 2672 km² déi gréisst Insel vun Estland a vun de Moonsund-Inselen. Et ass déi véiertgréisst Insel am Baltesche Mier (no Seeland, Gotland a Fünen).
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]
Saaremaa ass d'Haaptinsel vum Arrondissement Saare (Saare Maakond), zu deem och d'Insele ronderëm, Muhu, Abruka, Vilsandi, Ruhnu, an nach e puer méi klenger, gehéieren. Vun Nord no Süd huet Saaremaa ronn 88 Kilometer, vun Ost no West 90 Kilometer. Se ass mat Muhu iwwer eng Digue, de Väikese väina tamm, verbonnen, iwwer déi ee fuere kann. D'Haaptuertschaft vun der Insel a Prefecture vum Arronsdissement ass Kuressaare mat ronn 16.000 Awunner, am Süde vu Saaremaa. Déi zweetgréisst Uertschaft ass Orissaare am Nordosten.
Op Saaremaa liewe ronn 36.000 Awunner (13,5 pro km²), dat sinn eng 3 Prozent vun der estnescher Bevëlkerung.
Charakteristesch fir déi 1300 Kilometer laang Küst vu Saaremaa sinn déi grouss Hallefinsele ronderëm, souwéi déi ronn 600 virgelagert kleng Inselen. D'Hallefinsel Sõrve, am Agank vum Golf vu Riga, ass 30 Kilometer laang .


Saaremaa huet eng opfälleg flaach Topografie; den héchste Punkt, de Viidu Raunamägi bei Kihelkonna am Weste vun der Insel läit op 54 Meter. E läit am 1957 gegrënnten Naturreservat Viidumäe. Saaremaa ass zu 40 % mat Bëscher bewuess. De Suur Laht, d' Mullutu Laht bei Kuressaare, de Karujärva bei Kärla an de Ristissoo sinn déi gréisst Séien op der Insel.
De Kaali-Meteoritenkrater
[änneren | Quelltext änneren]
An engem Bësch bei Kaali, ronn 18 Kilometer vu Kuressaare, ass den Haaptkrater vun engem Meteorittenaschlag (Kaali Meteoriidikraater). Et ass haut e gréngelzegen, bal kreesronnen Dëmpel mat 50 Meter Duerchméisser. Ronderëm ass en 16 Meter héijen an 110 Metern décke Bord, dee beim Aschlag entstanen ass. Ausserdeem gëtt et an der noer Emgéigend aacht Niewekrateren, déi en Duerchméisser vun tëscht 15 a 40 Meter hunn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saaremaa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
