Sacred Heart University

Vu Wikipedia
Sacred Heart University
Typ Universitéit
Land USA
Schülerzuel 9.313
  September 2020; 1. September 2021
Gegrënnt 1963
Um Spaweck http://www.sacredheart.edu

D'Sacred Heart University ass eng kathoulesch Universitéit zu Fairfield am US-amerikanesche Bundesstaat Connecticut. Si gouf 1963 vum Bëschof Walter William Curtis gegrënnt.

Dat éischt Joer hat d'Universitéit 200 Studenten an néng Professeren.[1] 2014-2015 waren et 7.781 Studenten, dovu 4.997 Vollzäitstudenten. 67% ware Studentinnen.[2]

D'Sacred Heart University huet zënter 1991 och e Campus zu Lëtzebuerg am Gebai vun der Chambre des salariés um Kierchbierg, wou si e Master of Business Administration (MBA) ubitt.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Uni: Our History (gekuckt den 20. Juli 2015)
  2. Websäit vun der Uni: Basic FACTS (gekuckt den 20. Juli 2015)
  3. Websäit vun der Uni zu Lëtzebuerg: Dean Chalykoff's Welcome