Sagittarius A*

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Radio- a Röntgenquell: Sagittarius A*
Röntgenbild vum Sagittarius A* an zwéi Liichtechoe (markéiert) vun enger fréierer Explosioun
Rektaszensioun 17h 45m 40,0s
Deklinatioun - 29° 00' 28,2"
Stärebild (Sgr)
Distanz 25900 Lj.[1]
Mass zirka 4 Mio. Sonnemassen
Duerchmiesser zirka 22,5 Mio. km = 2,36•10−6[2][3]
Entdecker Bruce Balick,
Robert Hanbury Brown
Entdeckung Februar 1974
Katalog AX J1745.6-2900 (ASCA)

De Sagittarius A* (ofgekierzt: Sgr A*) eng Regioun am Stärebild Sagittarius, ass eng Radiowellequell am Zentrum vun der Mëllechstrooss. Nom aktuelle radioastronomesche Fuerschungsstand ass et e supermasseräicht Schwaarzt Lach vun ongeféier 4 Millioune Sonnemassen, dat op där Plaz ass, déi de Mëttelpunkt vun der Mëllechstrooss duerstellt.[4]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1932 hat de Karl Jansky am Stärebild Sagittarius eng staark Radioquell lokaliséiert.[5] Den 13. an de 15. Februar 1974 hunn d'Astronome Bruce Balick a Robert Hanbury Brown mat Hëllef vum Interferometer um National Radio Astronomy Observatory do de Sagittarius A* entdeckt. Den Numm vum Schwaarze Lach resp. vum Mëllechstroossenzentrum kënnt vun der graffer Richtung hier, an där et entdeckt gouf, nämlech a Richtung vum Stärebild Sagittarius. De Asterisk "*" gouf vum Robert Brown analog zu der Notatioun vun ugereegten Zoustänn an der Atomphysik gewielt, well hien ugeholl huet, datt Radioquellen hir Ëmgéigend zu Emissiounen ureegen. Den Numm blouf, och wéi sech déi Meenung vum Brown als falsch erwisen huet.[6]

D'Entdeckung vum supermasseräiche Schwaarze Lach an där Regioun ass den Aarbechtsgruppen ëm den Andrea Ghez um Keck-Observatoire, dem Reinhard Genzel um La-Silla-Observatoire an dem Very Large Telescope a villen Observatiounsreien zanter den 1990er-Joren onofhängeg vunenee gelongen.

Mam Event Horizon Telescope (EHT), enger virtueller Teleskopanlag aus op d'mannst néng iwwer d'Äerd verstreete Radioteleskopen, soll op der Basis vum Very Long Baseline Interferometry (VLBI) déi direkt Ëmgéigend vum Sagittarius A* mat enger Wenkelopléisung déi dem Ereegneshorizont gläicht ënnersicht ginn. Domat soll ënner anerem direkt nogewise ginn, datt et sech beim Sagittarius A* tatsächlech ëm e Schwaarzt Lach handelt souwéi och d'Grondlage vun der allgemenger Relativitéitstheorie iwwerpréift ginn.[7]

Objeten am Ëmfeld vun Sgr A*[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

2002 konnte Wëssenschaftler (ëm de Reinhard Genzel), déi um Very Large Telescope vum Europäesche Südobservatoire (ESO) fuerschen, ee Stär observéieren, deen der Regioun vum Sagittarius A* bis op 17 Liichtstonnen (≈18,36 Milliarde Kilometer) erukoum.[8][9] D'Fuerscher konnten bei hiren Observatiounen eng onerwart Kéier vum 15 Sonnemasse schwéiere Stär S2 erkennen. Wéinst der héijer Vitess vum Stär kann dee Virgank nëmmen als Bunnbewegung ëm e Schwaarzt Lach interpretéiert ginn. Duerch déi kleng Distanz vum S2 zu der enormer Mass vum Schwaarze Lach ass seng Ëmlafvitess ganz héich; seng Bunnvitess ass bis zu 5000 km/s séier. Seng Ëmlafbunn ass relativ stabil; eréischt wa sech S2 dem Schwaarze Lach bis op 16 Liichtminutten erukënnt, gëtt hien duerch d'Gezäitekraften zerrappt. Fir en Ëmlaf ëm den Zentrum brauch den S2 nëmme 15,2 Joer. Fir e weidere Stär, dee 16-mol méi liichtschwaache Stär S0-102, gouf 2012 och d'Ëmlafbunn vermooss an eng nach méi kuerz Period vun 11,5 Joer gemooss. Déi béid Stäre sinn bis elo déi eenzeg Objete, déi bei engem sou kuerzen Ofstand zu Sgr A* observéiert gi sinn.

D'Observatioun vum Stär S2 bei senger Beweegung ëm de Sagittarius A* gouf duerch en adaptivt Optiksystem (NAOS) erméiglecht, datt stéierend Aflëss vun der Atmosphär ausgläiche kann. Duerch déi Observatiounsmethod ass et elo méiglech, auszeschléissen, datt et sech bei Sgr A* ëm eppes aneres handelt wéi e supermasseräicht Schwaarzt Lach – beispillsweis ëm e Koup vu Neutronestäre.

Gaswolleken[änneren | Quelltext änneren]

Fuerscher vum Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik entdeckten 2011 d'Gaswollek G2 mat der zirka dräifacher Äerdmass, déi sech op Sagittarius A* zoubeweegt. Am Joer 2013 gouf observéiert, wéi sech Deeler dovun op nëmmen 25 Milliarde Kilometer un dat Schwaarzt Lach erukoumen. Dobäi gouf d'Wollek auseneergerappt a vun der Ultraviolettstralung vu Nopeschstäre zum Liichten bruecht. Miessunge hunn erginn, datt de viischten Deel vun der Wollek de Punkt vun der noster Distanz un dat Schwaarzt Lach scho passéiert hat bei enger Bunnvitess vu méi wéi 10 Millioune km/h (ongeféier 1 % vun der Liichtvitess). Duerch d'Miessungen erwarden d'Fuerscher Informatiounen iwwer déi physikalesch Virgäng während dem Rendezvous un e Schwaarzt Lach an d'Auswirkungen extrem staarker Gravitatiounsfelder.[10]

Zweet Schwaarzt Lach[änneren | Quelltext änneren]

Sgr A* an IRS 13 am Zentrum vun der Mëllechstrooss

Am Joer 2004 gouf mam Gemini-Teleskop op Hawaii mat IRS 13 en zweet Schwaarzt Lach entdeckt, dat eng Mass vun zirka 1300 Sonnemassen huet a Sagittarius A* op enger Distanz vun dräi Liichtjoer begleet. Bei IRS 13 handelt et sech genee betruecht ëm eng Grupp vu siwe Stären, déi sech ëm ee kollektive Schwéierpunkt dréien. Ënnersich weisen do op e mëttelgrousst Schwaarzt Lach hin. Dat kreest ëm den Sgr A* op enkstem Raum mat enger ongewéinlech héijer Vitess vu ronn 280 km/s. E weidert Indiz fir d'Virleien vun engem Schwaarze Lach ass nieft den héije Vitessen d'Röntgenstralung, déi vum IRS 13 ausgesent gëtt.[11]

Weider Schwaarz Lächer[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2005 goufe mam Röntgen-Teleskop Chandra Hellegkeetsausbrëch an der Géigend vum Sgr A* observéiert, déi dorop schléisse loossen, datt sech am Ëmkrees vu ronn 70 Liichtjoer 10.000 bis 20.000 Schwaarz Lächer befannen, déi dat supermasseräicht zentralt Schwaarzt Lach am Sgr A* ëmkreesen.[12] Doduerch gëtt eng zanter 2003 kurséierend Theorie gestëtzt, no där dat zentralt Schwaarzt Lach iwwer méi kleng Lächer "gefiddert" gëtt: Dobäi sammelen déi kleng Schwaarz Lächer an de méi wäit bausse leiende Beräicher vun der Mëllechstrooss Kéip vu Stäre ëm sech un, déi si dann gefaangen halen, bis si sech op enger Spiralbunn bis an d'Géigend vum Sgr A* beweegt hunn. Do ginn d'Stärekéip irgendwann duerch déi extrem grouss Gezäitekraften opgeléist a verléieren den een oder anere Stär un dat supermasseräicht Schwaarzt Lach. Déi al Theorie zum Fudderprozess goung dovun aus, datt eng riseg rankfërmeg Gaswollek ëm dat Schwaarzt Lach kreest an dobäi ëmmer méi schwéier gëtt. Soubal eng kritesch Mass iwwerschridde gëtt, kollabéiert déi Wollek a stierzt an den Zentrum vun der Mëllechstrooss. Méiglecherweis spille béid Prozesser eng wichteg Roll bei der Fidderung vum Sgr A*.

Weider Objeten[änneren | Quelltext änneren]

An der Ëmgéigend vum Sagittarius A* existéiert de Magnetar PSR J1745−2900.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sagittarius A – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. name="Eisenhauer"
  2. Größe des Schwarzen Lochs in der Milchstraße vermessen. Science ORF, 1. Januar 2010.
  3. Geoffrey C. Bower, Heino Falcke, Robeson M. Herrnstein, Jun-Hui Zhao, W. M. Goss, Donald C. Backer: Detection of the Intrinsic Size of Sagittarius A* Through Closure Amplitude Imaging. In: Science. 30. April 2004, Band 304, Nr. 5671, S. 704–708, doi:10.1126/science.1094023.
  4. name="monster"
  5. name="Smothers"
  6. name="Goss"
  7. name="Fish"
  8. name="Schödel"
  9. name="Gillessen"
  10. name="ESO"
  11. name="Maillard"
  12. name="Muno"