Sailenhellegen

Vu Wikipedia
Déi Sailenhelleg Symeon Stylites den Eeleren (lénks) a Symeon Stylites de Jéngere (riets) op enger Ikon.

Sailenhellegen oder Stylit (vum griicheschen stylos 'Sail') gëtt zanter dem 4./5. Joerhonnert e Mënch genannt, ufanks virun allem an der Ostkierch, dee säi Liewen uewen um Kapitell vun enger Sail verbruecht huet, als Ausdrock vu besonnecher Askes.

Als éischte Sailenhellege gëllt de Symeon Stylites den Eeleren.

D'Saile waren ënnerschiddlech héich, vun 3 Meter bis vill méi héich, an haten uewen um Kapitel eng Plattform, sou datt den Asket sech och alt emol leeë konnt. Ronderëm war e Glänner, fir datt en net sollt eroffalen. En Daach gouf et dogéint keen; d'Askete waren dem Wieder ouni Schutz ausgesat. Iesse kruten se vu Leit ënnen iwwer Leederen eropgereecht. Vill vun hinne si bis zu hirem Doud op der Sail bliwwen, anerer si just bei aussergewéinlechen Evenementer erofgeklommen, bei Verfollgungen, well se zum Bëschof geweit goufen, oder änleches.

Bekannt Styliten[änneren | Quelltext änneren]

Den hl. Symeon Stylites heelt eng Fra, déi eng Schlaang ofgeschléckt hat. (aus dem Weißenauer Passionale, Enn 12. Jh.)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Hilgert: "Ein Luxemburger Säulenheiliger." In. d'Lëtzebuerger Land Nr.33, 15. August 2014, S.11.
  • Hilarion G. Petzold: Zum Frömmigkeitsbild der heiligen Säulensteher. In: Kleronomia 4 (1972), ISSN 1105-2139, S. 251–266.
  • Hans Conrad Zander: Als die Religion noch nicht langweilig war: die Geschichte der Wüstenväter. Verlag Kiepenheuer & Witsch, ISBN 3-462-02982-7.
  • Ulrich Hübner: Säulenheilige im Ostjordanland. In: Stephan Conermann, Jan Kusber (Hg.): Studia Eurasiatica (= Asien und Afrika 10). EB-Verlag, Schenefeld/Hamburg 2003, ISBN 3-930826-99-2, S. 139–161.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Sailenhelleg – Biller, Videoen oder Audiodateien