Saint-Émilion (Stad)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Saint-Émilion. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Saint-Émilion.
Saint-Émilion
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Gironde
Arrondissement Libourne
Kanton Coteaux de Dordogne
Postcode 33330
Gemengecode 33394
Koordinaten 44° 53’ 37’’ N
      00° 09’ 17’’ W
Fläch  27,02 ha
Bevëlkerung  2 345 (1999)
D'Buerg vu Saint-Emilion (2006)

D'Buerg vu Saint-Emilion (2006)
D'Buerg vu Saint-Emilion (2006)

Saint-Emilion ass eng Uertschaft a Gemeng am franséischen Departement Gironde an der Regioun Nei-Aquitaine.

Si ass haaptsächlech bekannt duerch hir gutt rout Bordeaux-Wäiner a läit 35 km ëstlech vun der Stad Bordeaux, op de Koppen tëscht der Dordogne an der Isle an tëscht Libourne a Castillon-la-Bataille.

Et ass eng schéi mëttelalterlech Stad, déi mat der Wäibau-Gewan ronderëm vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl ginn ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zur Zäit vun de Réimer goufen zu Saint-Emilion Wäiriewen ugebaut. Souguer den Dichter Ausonius,no deem e weltberüümt Wäigutt, de Château Ausone genannt ass, huet do Wënzer gespillt. D'Stad selwer, sou wéi se sech elo presentéiert, gouf am 8. Joerhonnert vun engem Eremit gegrënnt, deen och sou geheescht huet. Schonn am Mëttelalter goufen d'Wäiner vu Saint-Emilion als Kaddoen u wichteg Persounen a Souverainen iwwerreecht. Zanter där Zäit ass de Conseil Municipal fir d'Qualitéit vum Wäi verantwortlech. D'Jurade iwwerhëlt zanter 1948 nach bis haut dës Funktioun. All Fréijoer, gëtt vun der Jurade, no enger Mass an enger Pressioun mat vill Zeremonie vun der Plattform vun der Tour du Roi erof de Jugement iwwer den neie Wäin proklaméiert. Am Hierscht gëtt da vun der selwechter Plaz aus déi nei Wäilies opgemaach. Den Evenement gëtt natierlech vu ville Banquete begleet.

Vu groussem historesche Wäert ass déi sougenannt Fielskiirch, déi aus dem Kalleksteen erausgeha gouf an déi haut nach gutt erhalen ass.

D'Regioun vu Saint-Émilion huet en Areal vu ronn 5200 ha, op deem Riewen ugeplanzt sinn, an dee vu ronn 1000 Wäibaueren exploitéiert gëtt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Fielsekierch (Eglise monolithe)
  • Den Ermitage Saint-Emilion
  • D'Katakomben
  • D'Dräifaltegkeetskapell
  • D'Maison du Vin
  • D'Tour du Roi

Fotoalbum vu Saint-Emilion[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Émilion – Biller, Videoen oder Audiodateien