Op den Inhalt sprangen

Saint-Denis (Seine-Saint-Denis)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Saint-Denis bei Paräis. Fir aner Uertschafte mat deem Numm, kuckt wgl. Saint-Denis.
Saint-Denis
Stadhaus vun der Sektioun Saint-Denis

Stadhaus vun der Sektioun Saint-Denis
Stadhaus vun der Sektioun Saint-Denis
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Seine-Saint-Denis
Arrondissement Saint-Denis
Kanton Saint-Denis-1
Saint-Denis-2
Épinay-sur-Seine

Saint-Denis ass eng franséisch Gemeng mat knapps 150.000 Awunner (Stand: 1.1.2022) am Departement Seine-Saint-Denis. Et ass eng vun den zwou Ënnerprefecturë vum Departement, ass Member vum Gemengeverband Métropole du Grand Paris an de Verwaltungssëtz vum Gemengeverband Établissement public territorial Plaine Commune.

Saint-Denis ass den 1. Januar 2025 als Commune nouvelle entstanen duerch d'Fusioun vun de fréiere Gemenge Saint-Denis a Pierrefitte-sur-Seine, déi zanterhier de Statut vu Communes déléguées hunn. De Verwaltungssëtz ass an der Uertschaft Saint-Denis.

Saint-Denis läit op der Grenz mam Departement Val-d'Oise, um rietsen Uwänner vun der Seine, nërdlech vu Paräis, agëtt zu deem senger Banlieue gezielt. De klenge Floss Crould an de Canal Saint-Denis ginn duerch d'Gemeng a lafen an d'Seine. Den Zenntrum mat der Kathedral läit op enger Héicht vun 32 Meter.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral vu Saint-Denis war joerhonnertelaang d'Plaz wou franséisch Kinneke begruewe goufen.

Saint-Denis war vum 19. Joerhonnert un eng bedeitend Plaz vun der Metall- a Schwéierindustrie (ë. a. Eisenbunn- an Automobilbau) a vun der Elektroindustrie.

Och haut gëtt et der nach en ettlech aus deene Branchen, iwwertdeems Servicer, besonnesch aus dem Secteur Medien a Multimedia, derbäikoumen.

Zanter 1980 ass d'Universitéit Paris 8 Vincennes-Saint Denis zu Saint-Denis.

D'Olympescht Duerf fir d'Olympesch Summerspiller 2024 an d'Paralympesch Spiller 2024 gouf zu Saint-Denis, sou wéi och an den Nopeschgemenge Saint-Ouen a L'Île-Saint-Denis gebaut. Direkt no de Spiller gouf et ëmgebaut fir doraus 3000 Wunnengen, eng Residenz fir Studenten, en Hotel, sechs Hektar Gréngs, 120.000 m² fir Betriber, Büroen a Servicer mat Plaz fir 6000 Beschäftigter an 3.200 m² ëffentlech Gebaier, souwéi Schoulen.[1]

Den historeschen Zentrum ass zanter den 2020er Joren am Gaang sanéiert an urbanistesch opgebessert ze ginn.

De Quartier Pleyel gëtt ausgebaut, woubäi dann an der Metrosstatioun Saint-Denis Pleyel bis 2030, véier nei Metroslinnen (14, 15, 16 a 17) zesummekommen.[2]

Och de Quartier Fauvettes-Joncherolles gëtt grëndlech renovéiert.

  • Le Patrimoine des Communes de la Seine-Saint-Denis. 2. Auflage. Flohic Éditions, Paris 2002, ISBN 2-84234-133-3, S. 315–345.
Commons: Saint-Denis (Seine-Saint-Denis) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Le village des athlèthes. Internationales Olympisches Komitee. Gekuckt de(n) 18.11.2024.
  2. (de)Pleyel, ein Lebensviertel für alle. Gemeng Saint-Denis. Gekuckt de(n) 18.11.2024..