Saitis barbipes
Ausgesinn
| Saitis barbipes | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Saitis barbipes, Weibchen | |||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Saitis barbipes (Simon, 1868) | |||||||||||||||

Saitis barbipes ass eng Spannenaart aus der Famill vun de Sprangspannen (Salticidae), déi heefeg am Mëttelmierraum virkënnt.
Am Mee 2025 gouf s'eng éischt Kéier och am Süde vu Lëtzebuerg nogewisen. Dem Entdecker, engem Mataarbechter vum Naturmusée, no wier dat "e liewegt Beispill fir d'Verännerungen, duerch de Klimawandel, déi hei siichtbar ginn" andeems Déierenaarten, déi et gär méi waarm hunn, sech an de leschte Joren ëmmer méi no Norden ausbreeden.[1]
Den Numm bedeit op Latäin "bäertege Fouss".
Charakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]Si gi 5 bis 6 mm laang. Männlech Saitis-Spanne si fir hir knalleg Faarwen, hir fächeraarteg Been an hir spektakulär Balz bekannt. Och hir drëtt Koppel Been, knallrout a buuschteg, fält op.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Heiko Bellmann: Kosmos-Atlas Spinnentiere Europas, Franckh-Kosmos VerlagsGmbH & Co. KG, Stuttgart 2006: S. 232–233, ISBN 978-3-440-10746-1
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saitis barbipes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Sprangspann Saitis barbipes fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg fonnt." rtl.lu, 15.05.2025.
