Sakkärchen

Vu Wikipedia
D'Sakkäerche vun der Rackés Millen

Eng Sakkärchen ass eng zweeriedreg Kar fir Laaschten ze transportéieren.

Well d'Sakkärche fréier meeschtens fir den Transport vu Säck gebraucht gouf, krut se hiren Numm. Hautdesdaags gëtt se benotzt fir all méiglech Zorte vu klenge Laaschten ze transportéieren.

Déi modern Sakkärercher hu Gummispneuen. Wa se geduecht sinn, fir Trapen op- oder ofzefueren, hu se Stärerieder. Op alle Fall ass d'Achs den Hieweldréipunkt. D'Rumm ass gewéinlech aus stole Réier oder aus Aluminium.

D'Sakkärche gëtt am Däitsche Sackkarre, an Éisträich Sackrodel an am Franséischen diable genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sakkärercher – Biller, Videoen oder Audiodateien