Saljut 4

Vu Wikipedia
Saljut 4

Zeechnung vun der Raumstatioun
Typ Raumstatioun
Land Sowjetunioun
Äerdëmkreesunge 12187
COSPAR-Bezeechnung 1974-104A
Apogeum 219 km
Perigeum 168 km
Bunnschréi 51,6°
Mass 18.500 kg
Bunn-Ëmlafzäit 89,1 min
Start 26. Dezember 1974, 04:19 UTC
Startplaz Baikonur
Drorakéit Proton-K-Rakéit
Status vergloust den 2. Februar 1977, 22:00 UTC

Saljut 4 war eng sowjetesch Raumstatioun, déi de 26. Dezember 1974 mat enger Proton-K-Rakéit an eng Äerdëmlafbunn bruecht gouf. Si ass den 2. Februar 1977 beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär vergloust. Wärend hirer Betribszäit gouf si mat zwou Ekippe bemannt: fir d'éischt mam Alexei Gubarew an dem Georgi Gretschko mam Raumschëff Sojus 17, duerno mam Pjotr Klimuk an dem Witali Sewastjanow mat Sojus 18. E weidere Besuch war mam onbemannte Raumschëff Sojus 20.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Längt: 15,8 m
  • Duerchmiesser: max. 4,15 m
  • Bewunnbare Raum: 90 m³
  • Startmass: 18.900 kg
  • Solarzellefläch: 60 m²
  • Zuel vu Solarzellen: 3
  • Elektresch Leeschtung: 4 kW
  • Zuel vu Kopplungsadapter: 1

Fuerschungsapparaten[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganzen ware ronn 2 t Fuerschungsapparate u Bord, ënner anerem:

  • dat 25 cm Sonnenteleskop OST-1 (eng Entwécklung vum Krim-Observatoire)
  • de Reflexiounsspektrometer KDS-3
  • de Sonnespektrometer KSS-2
  • den Infraroutteleskop ITS-P
  • d'Erfaassungsinstrument fir Meteorstoff MMK-1 an neutral Deelercher „Rjabina“
  • de Massespektrometer „Spektr“
  • den Temperatursensor fir déi baussenzeg Äerdatmosphär „Emissija“
  • d'Äerdobservatiounsinstrumenter KATE-140, KATE-500 a BA-SK
  • den Telefotometer „Mikron“,
  • weider Instrumenter fir medizinesch an technologesch Experimenter

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]