San Francisco
| Dës Säit beschäftegt sech mat der kalifornescher Groussstad San Francisco. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. San Francisco (Homonymie). |
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| San Francisco | |
|---|---|
| Spëtznumm: The City by the Bay, Frisco, San Fran | |
| 37° 47′ N, 122° 25′ WKoordinaten: 37° 47′ N, 122° 25′ W | |
| Land: | |
| Bundesstaat: | Kalifornien |
| County: |
San Francisco County |
| Gegrënnt: | 29. Juni 1776 |
| Fläch: | 600,7 km² dovun 121,0 km² Land |
| Awunner: – Agglomeratioun: |
805.235 (Stand: 2010) 4.335.391 (Stand: 2010) |
| Bevëlkerungsdicht: | 6.655 Aw./km² |
| Héicht: | 16 m |
| Zäitzon: | UTC-8 |
| Buergermeeschter: | Edwin M. Lee |
San Francisco [ˌsænfɹənˈsɪskoʊ] ass eng Stad am Bundesstaat Kalifornien an de Vereenegte Staate vun Amerika a läit un der Westküst vum Land. Mat 824.525 Awunner ass se déi véiertgréisst Stad vu Kalifornien.
Den Numm vun der Stadt kënnt aus dem Spueneschen a bezitt sech op den Hellege Franziskus, de Franz von Assisi.
Inhaltsverzeechnes
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Stad läit un der nërdlëcher Spëtzt vu der San-Francisco-Hallefinsel, déi d'Bucht vu San Francisco südwestlech ofschléisst, a gëtt am Westen vum Pazifik, am Norden vum Golden Gate an am Oste vun der Bucht begrenzt. Am Süden leien déi 300 m héich Twin Peaks, déi vun den spueneschen Missionären opgrond vun hirer Form „Los Pechos de la Chola“, op lëtz. „D'Brëscht vum Indianermeedchen“, genannt goufen.
San Francisco ass och bekannt fir seng Hiwwelen, déi vun enger Héicht vu 30 Meter Héicht un "Hill" genannt ginn; et gëtt där 42 um ganzen Stadgebitt. Fir déi sträppweis schéi géi Stroossen eropzekommen, huet den Andrew Smith Halli ëm 1870 déi sougenannt Cable Cars entwéckelt. D'"Belle of the Bay", wéi d'Stad och mat Léift genannt gëtt, ass eng vun de bedäitesten Hafestied un der Westküst vu Nordamerika. An der Bucht vu San Francisco leien déi bekannt, haut nëmme méi als Musée benotzt Prisongsinsel Alcatraz, Angel Island, Treasure Island, Yerba Buena Island an aner kleng Inselen. Am Pazifik virun San Francisco leien d'Farallon-Inselen.
Geologie[änneren | Quelltext änneren]
Wéinst der Noperschaft mat der San-Andreas-Verwerfung ass San Francisco engem groussen Äerdbiewen-Risiko ausgesat. Den 18. Abrëll 1906 gouf et do dat bis ewell schwéierst Äerdbiewen. Betraff war d'Géigend vu San Juan Bautista bis Eureka. Et hat eng Stäerkt vu 7,8 op der Richterskala. Duerch Feier an Explosioune goufen deemools dräi Véirel vu San Francisco zerstéiert.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: San Francisco – Biller, Videoen oder Audiodateien |