San Marino

Vu Wikipedia


Republik San Marino
Repubblica di San Marino

Fändel vu San Marino

Wope vu San Marino

Detailer

Detailer
National Devise: Libertas
(lat.: "Fräiheet")
Offiziell Sprooch: Italieenesch
Haaptstad: San Marino
 • Awunner: 4 214 (2012)
 • Koordinaten: 43° 56’ 32’’ N
      12° 26’ 52’’ O
Staatsform: Republik
 • Capitani Reggente: Filippo Tamagnini
Geatano Troina
 • Ausseminister: Luca Beccari
Fläch: 60,19 km²
Bevëlkerung: 32 471 (2012)
 • Bevëlkerungsdicht: 533/km²
Onofhängegkeet: 3. September 301
Nationalfeierdag: 3. September
Nationalhymn: Inno Nazionale della Repubblica
Fir ze lauschteren Partitur
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC + 1 (MEZ)
Internet TLD: .sm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+378

D'Republik San Marino, op Italieenesch Repubblica di San Marino an op Romagnolesch Ripóbblica 'd San Maroin, mam Bäinumm: La Serenissima ass e Staat a Südeuropa. E läit ganz an Italien, ouni eng Grenz mat anere Länner ze hunn. San Marino läit tëscht den italieenesche Regiounen Emilia-Romagna (Provënz Rimini) a Marken (Provënz Pesaro an Urbino), net wäit vun der adriatescher Küst bei Rimini ewech. Um Fielskamp Monte Titano steet d'Festung La Guaita. San Marino ass déi eelst Republik vun der Welt an huet eng Geschicht, déi bis op d'Joer 301 zeréckgeet. San Marino ass kee Stadstaat, mä e besteet aus néng Gemengen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de san-marineesesche Gemengen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Festung Guaita uewen um Bierg Titano

D'Republik San Marino läit op der Ostsäit vun den etruskeschen Apenninen. D'Nord-Süd-Orientatioun gëtt am Relief bal ganz vum Réck vum Monte Titano dominéiert. De Bierg, dee fir de gréissten Deel aus Kallekstee besteet, gëtt vu Süde Richtung Norden ëmmer méi géi a bréngt et op der nërdlecher Spëtzt op eng Héicht vu 756 Meter, dem héchste Punkt vun der Republik.

D'Staatsgebitt huet d'Form vun engem onreegelméissege Véiereck an ass am grousse Ganzen hiwweleg. Et ass 60,57 Quadratkilometer grouss an huet en Territoire, dee manner wéi 3 Prozent vun der Fläch vum Lëtzebuerger Land duerstellt. D'Längt vun der Grenz mat Italien ass 39 km. Direkt um südwestlechen Hank vum Monte Titano läit d'Haaptstad, déi dee selwechten Numm wéi d'Land selwer huet: San Marino.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

San Marino huet 32.471 Awunner (Stand: 2012). Dovu liewen der 4.214 an der Haaptstad San Marino, 10.571 zu Serravalle (gréisst Siidlung), 6.609 zu Borgo Maggiore, 3.256 zu Domagnano, 2.548 zu Fiorentino, 2.096 zu Acquaviva, 1.180 zu Faetano, 1.087 zu Chiesanuova an 910 zu Montegiardino.

D'Landessprooch ass Italieenesch. Wéinst der staarker Ofhängegkeet vum Tourismus schwätzt bal jiddwereen eng Friemsprooch. Meeschtens Englesch, Däitsch oder Franséisch.

Romagnolesch, en emilianesch-romagnoleschen Dialekt, ass nach besonnesch ënner der eelerer Generatioun staark verbreet.

92,3 Prozent vun der Populatioun si kathoulesch, 4,7 Prozent gehéieren enger anerer Relioun un, an 3 Prozent bekenne sech zu kenger Relioun.

Politesche System[änneren | Quelltext änneren]

De Regierungspalais zu San Marino

D'Funktioun vum Staatschef hunn zu San Marino zwéi Capitani Reggenti (Regierungshaaptmänner), déi all sechs Méint vum Parlament gewielt ginn. D'Roll vum Parlament spillt dobäi de Consiglo Grande e Generale, deen och Gesetzer stëmmen däerf. D'walberechtegt Bierger (Arego) hunn d'Méiglechkeet dem Consiglo Grande Virschléi an Ufroen z'ënnerbreeden.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm d'Joer 300 soll de Marinus, e Steemetzer vu Rab (enger kroatescher Insel), als Bauaarbechter op Rimini, deemools eng Stad déi floréiert huet, komm sinn. Nach virum Joer 303, wéi déi schlëmmst Chrëschteverfollgungen ugefaangen hunn, ass de Marinus op de Bierg Titano geflücht an huet do mat en ettleche Glawensbridder eng chrëschtlech Communautéit gegrënnt. Dat soll den 3. September 301 geschitt sinn an deen Dag gouf dunn och allgemeng als Grënnungsdag vu San Marino ugeholl. Nodeem den Toleranzedikt vun Nikodemia am Joer 311 d'Situatioun berengegt hat, gouf de Marinus vum Bëschof vu Rimini, Gaudenzio, zum Diakon ernannt a krut vun enger réimescher Patrizierin, déi zum Chrëschtentum konvertéiert war, den Titano geschenkt. Nom Doud vun hirem Patréiner huet San Marino sech am Joer 366 als Republik konstituéiert.

An den éischte Joerhonnerte sinn, fir sécher ze goen, um Monte Titano Befestegungsinstallatioune gebaut ginn. Dräi Buerge waren et déi och Zetäre mat Waasserreserve fir d'Noutfäll haten. Am Laf vum 13. Joerhonnert hat d'Republik schwéier Zäiten, wéi se sech géint d'Nopeschbescheef huet misse wieren, deenen et drëm gaangen ass, fir d'Bevëlkerung dem Poopst z'ënnerwerfen an hinnen nei Steieren ofzeknäppen. D'Onofhängegkeet hat deemools hire Präis, och méi spéit, wéi erëm versicht ginn ass, dës friddlech Republik der Kierch z'ënnerwerfen.

Wéi de Napoleon Bonaparte um Rudder war, huet hie sengen Zaldoten am Laf vu senger Italienkampagne, den Uerder ginn, San Marino, fir dat hie vill Estime hat, z'ëmgoen an net ze besetzen. Nom Napoléon senger Néierlag gouf 1815 um Wiener Kongress déi fréier Situatioun erëm hiergestallt an d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vu San Marino gouf confirméiert.

Interessant ass och, dat am Laf vum Risorgimento an Italie vill Fräiheetskämpfer op San Marino geflücht sinn, och de Giuseppe Garibaldi, deen do 1861 d'Nationalitéit vu San Marino kritt huet. An dësem Zesummenhank huet de spéideren Éierebierger vu San Marino, den Abraham Lincoln an engem Bréif un hir Autoritéite geschriwwen: Äre Staat ass zwar kleng, mä een, deen an der Geschicht am meeschte begiert ass.

1865 huet San Marino als éischt europäescht Land d'Doudesstrof ofgeschaaft.

An der Zäit vum Mussolini an Italien, hat de Faschismus och zu San Marino eng staark Positioun, de Fräiheetssënn ass awer erhale bliwwen an d'Land huet refuséiert, fir Zaldote fir de Mussolini ze stellen. Am Zweete Weltkrich huet d'Land et och fäerdeg bruecht, seng Neutralitéit oprecht z'erhalen. Et ass allerdéngs am September 1944 zu San Marino zu Gefechter komm, wéi déi alliéiert Truppen an Italien déi däitsch Besatzung verdriwwen hunn.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

San Marino huet keng eege Buedemschätz. Et exportéiert haaptsächlech Wäin a landwirtschaftlech Produkter, an och Käppercher, déi vu Sammler staark gesicht sinn. Haapthandelspartner vu San Marino ass Italien.

Wéi an Italien, deem seng Lira et virdrun als Wärung hat, ass den Euro zanter dem 1.Januar 2002 déi offiziell Wärung. San Marino ass net Member vun der Eurozon, huet awer, well et virdrun och eege Lire-Stécker erausgouf, Euromënzen an den Ëmlaf bruecht mat eegenem Design op der nationaler Säit.

San Marino ass e Land, dat touristesch staark besicht ass; 60 % vu senge Recettë stame vum Tourismus. Dofir sinn d'Steieren zu San Marino sou niddereg. Et huet néng eege Banke fir seng lokal Geschäfter. D'international Finanztransaktioune ginn iwwer italieenesch Banken ofgewéckelt.

De Steemetzer Marino

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fabio Foresti: Quella nostra sancta libertà. Lingue, storia e società nella Repubblica di San Marino. Biblioteca e ricerca. Quaderni della Segretaria di Stato per la Pubblica Istruzione, Affari Sociali. Istituti Culturali e Giustizia 6. Aiep, San Marino 1998. ISBN 88-86051-66-2
  • Günter Weitershagen: San Marino und die Einführung des Euro. Libertas Paper. Bd 33. Libertas, Sindelfingen 2000. ISBN 3-921929-37-7
  • Friedrich Kochwasser: San Marino. Die älteste und kleinste Republik der Welt. Erdmann, Herrenalb im Schwarzwald 1961.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: San Marino – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: San Marino Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen