Op den Inhalt sprangen

Sanatorium vu Veianen

Vu Wikipedia
De Sanatorium beim Scheierhaff - 03.04.2008

De Sanatorium vu Veianen ass säit dem 1. Januar 2001 e Fleegeheem vum Etablissement Public SERVIOR. E läit no bei der Cité Scheierhaff nordëstlech vu Veianen.

Am haitege Fleegeheem kënnen 91 Leit opgeholl ginn (27 Eenzel- an 32 Zweebettzëmmeren).

D'Tuberkulos hat um Ufank vum 20. Joerhonnert staark zougeholl, soudatt de Bau vu spezielle Sanatorie fir Longekranker noutwenneg gouf.

  • 1924 - D'Alters- an Invalideversécherung keeft den Terrain zu Veianen;
  • 1925 - Ufank vun de Bauaarbechten;
  • 1931 - Aweiung a Presenz vum Prënz Félix;
  • 1940 - Beim Amarsch vun de Preise gëtt aus dem Sanatorium e Feldlazarett gemaach;
  • 1945 - De rietsen Trakt vum Gebai gëtt vun amerikanesche Juegdbommeren zerstéiert;
  • 1946 - De Sanatorium gëtt vum Gesondheetsministère iwwerholl;
  • 1979 - De Sanatorium gëtt zu engem Fleegeheem ëmfunktionéiert.

An der sougenannter „Kaul“ zu Nidderwolz steet déi mat Beem an Traisch zougewuessen 100-järeg Bauruin vun engem ni realiséierte Sanatorium fir Tuberkulosekranker. Op där Plaz erënnert eng Skulptur vun der Edmée Marth un déi Geschicht am Kader vun der Strooss vum Fridden.