Sandmännchen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sandmännchen an der Form vun engem Kobold, deen owes de Kanner Sand an d'Ae street, datt se solle midd ginn a séier aschlofen, geet zeréck um däneschen Auteur Hans Christian Andersen säi Märchen Ole Lukøje (am Däitschen Ole Luköie).

Dem Andersen säi "Sandmännchen"[änneren | Quelltext änneren]

Géint der Owend, wann d'Kanner nach beim Dësch sëtzen, kënnt den Ole Lukøje mat zwéi Prabbelien ënner den Äerm op de Strëmp d'Trap erop an e sprëtz de Kanner séiss Mëllech an d'Aen. Doropshi schläicht hie sech hanner si a bléist hinnen duuss an d'Akaul. Dovu kréien d'Kanner e schwéiere Kapp, se ginn an d'Bett bruecht, an do kann de Männchen hinne Geschichten erzielen.

Den E.T.A. Hoffmann a säi „Sandmann“[änneren | Quelltext änneren]

Dem E.T.A. Hoffman seng Erzielung Der Sandmann gehéiert zum Auteur sengen Nachtstücke. Den Hoffmann huet am November 1815 eng éischt Versioun geschriwwen: eng gedréckten Editioun koum am Summer 1816 eraus. D'Erzielung, déi laang Zäit a Frankräich méi beléift war wéi an Däitschland krut duerch dem Sigmund Freud seng Etüd Das Unheimliche en neien Opschwong an der Zäit vum Expressionismus.

De „Sandmännchen op der DDR-Tëlee[änneren | Quelltext änneren]

Well den Deutsche Fernsehfunk (DFF) matkritt hat, datt de westdäitsche Sender Freies Berlin un enger Sandmännche-Sendung géif schaffen, hu se mat alle Mëttele probéiert, fir virun hire westdäitsche Kolleege sou eng Sendung ze produzéieren an ze senden.
Den 22. September 1959 um fënnef vir siwe kruten d'Kanner an der fréierer DDR fir d'éischt am Unser Sandmännchen Gutt Nuecht op der Tëlee gesot.

De West-Sandmännchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sandmännchen – Biller, Videoen oder Audiodateien