Sandschmuewel
| Sandschmuewel | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
eng Sandschmuebel | |||||||||||||||||
| Aner Sproochen: | de: Uferschwalbe fr: Hirondelle de rivage | ||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Riparia riparia Linnaeus, 1758 | |||||||||||||||||
D'Sandschmuewel (Riparia riparia), och Grond- oder Waasserschmuewel[1] (-schmuebel, -schmuelef), ass eng Sangvullenaart aus der Famill vun de Schmuewelen.
Se kënnt an Eurasien an an Nordamerika vir.
Zu Lëtzebuerg gouf se 2005 an 2026 vun der Asbl Natur&ëmwelt (respektiv hirer Virgängerorganisatioun Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga) zum Vull vum Joer erausgesicht.[2]
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Sandschmuewel huet e matt-bronge Réck, e wäisse Bauch mat engem brong-groe Band op der Broscht an ass mat enger Flillekspanwäit vu ronn 20 cm relativ kleng. De Schwanz ass nëmme liicht gegafelt. Se ass éischter schei a kaum a Dierfer ze gesinn. Männercher a Weibercher gesi bal d'nämlecht aus.
Hiren Numm huet se dohier, well se hir Näschter a bis zu 70 cm déiwen Tunnellen a Leem- a Sandwänn baut, dacks no beim Waasser (kuckt den alternativen Numm Waasserschmuewel oder op däitsch Uferschwalbe).
Am Abrëll komme s'aus hiren Iwwerwanterungsgebidder an Afrika zeréck a fänke gläich un, Näschter ze bauen. Dat maache se gär a Kolonien. Bannent 6 Woche ginn da véier bis sechs Jonker opgezillt. Nach ier dës d'Nascht ganz verlooss hunn, gëtt schonn eng zweet Bréiech geluecht (Den däitsche Fachausdrock dofir ass Schachtelbrut). Sou gëtt d'Zäit optimal ausgenotzt, fir méiglechst vill Nowuess ze zillen, ier et am September nees an Afrika geet fir do de Wanter ze verbréngen. Vill dovu packen et net méi zeréck.[2]
- Agäng an d'Naschthielen
- Eeër
- Zwéi Jonker

Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]D'Aart kënnt an Nordamerika an an Eurasien bis zu enger héicht vu 750 m i. NN vir, a Sibirien ënnerzeg vum 69. bis 72. nërdleche Breedegrad.
Si iwwerantert an Zentralafrika, Nordwestafrika resp. a Südamerika.
Gesang
[änneren | Quelltext änneren]
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt (Stand 2025) 110 bis 150 Koppelen déi zu zu Lëtzebuerg bréien, déi meescht dovu laanscht d'Musel, wou Sand a Kiselsteng ausgebaggert ginn. Well hir Liewensraim a sandegen Uferwänn vu Flëss ëmmer méi seele ginn - ënner anerem duerch d'Reguléierung an d'Degradatioun vu Flëss - huet et d'Sandschmuewel ëmmer méi schwéier, gëeegent Plaze fir ze bréien ze fannen. Et schéngt es, wéi wann de Versuch, duerch d'Opriichte vu kënschtleche Wänn fir dran ze bréien Succès gehat hätt, fir hire Bestand z'erhalen a vläicht ze vergréisseren.[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sandschmuewel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. Luxemburg 1981, S.56.
- 1 2 3 D'Sandschmuewel, Vull vum Joer 2026. naturemweltasbl.lu, nogekuckt: 23.02.206.
