Sandweiler-Gare
Ausgesinn
| Sandweiler-Gare | |
|---|---|
|
| |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Sandweiler-Gare de: Sandweiler-Gare |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Lëtzebuerg |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Diane Adehm (CSV) |
| Koordinaten |
49° 36’ 03’’ N 06° 12’ 21’’ O |
|
| |
Sandweiler-Gare ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper, tëscht den Uertschafte Conter a Sandweiler.
De Lieu-dit huet säin Numm vun der aler Eisebunnsgare déi do bestanen huet. D'Gare gëtt haut net méi ugefuer an d'Quaie goufen ewechgeholl.[1]
Bei der aler Gare war e gratis Park & Rail-Parking mat 28 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä déi al Gare hat nëmmen eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen, a si war duerfir net méi behënnertegerecht.
Déi nei Gare läit ronn 520 Meter méi ëstlech.
Sandweiler-Gare gehéiert zur Par Sandweiler.
Déi al Gare haut
[änneren | Quelltext änneren]An der aler Gare sinn d'Bureauen an de Studio vum Mister Science, dem Joseph Rodesch, deen d'Emissioune mam selwechten Numm op RTL Télé Lëtzebuerg animéiert.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sandweiler-Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Zweigleisiger Ausbau der Zugstrecke Luxemburg – Sandweiler-Contern op wort.lu vum 9. Mäerz 2015
