Sanja Iveković

Vu Wikipedia
Sanja Iveković
D'Sanja Iveković den 31. Mee 2012 (Foto vum François Besch)
Gebuer 6. Januar 1949
Zagreb
Nationalitéit Kroatien
Aktivitéit Fotograf, Sculpteur, visuelle Kënschtler, Videoskënschtler
Member vun documenta

D'Sanja Iveković, gebuer de 6. Januar 1949 zu Zagreb, ass eng kroatesch Kënschtlerin, Fotografin a Feminismus-Aktivistin.

Si huet tëscht 1968 an 1971 op der Konschtakademie zu Zagreb Graphik studéiert. 1994 huet si Elektra, e Konschtzentrum fir Fraen, zu Zagreb matgegrënnt.

Zu Lëtzebuerg gouf d'Sanja Iveković virun allem als Auteur vun der Lady Rosa of Luxembourg, enger verfriemter Replique vun der Gëllener Fra, bekannt, déi am Summer 2001 fir vill Opreegung gesuergt huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sanja Iveković – Biller, Videoen oder Audiodateien