Sankt Péitersbuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Russia template.svg Dëse Geographiesartikel zu Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Sankt Péitersbuerg
Санкт-Петербург
Flag of Saint Petersburg Russia.svg Coat of Arms of Saint Petersburg (2003).svg
Sankt Péitersbuerg (Russland)
Sankt Péitersbuerg
Sankt Péitersbuerg

59° 56′ N, 30° 19′ O59.93903888888930.3157861111113Koordinaten: 59° 56′ 21″ N, 30° 18′ 57″ O

Land: Flag of Russia.svg Russland
Federatiounskrees: Nordwestrussland
Stad mat Subjektstatus: Sankt Péitersbuerg
Gegrënnt: 1703
Fläch: 1.431 km²
Awunner: 4.879.566 (14. Okt. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 3.410 Aw./km²
Héicht: 3 m
Zäitzon: UTC+4
Autoskennzeechen: 78, 98
Gouverneur: Georgi Poltawtschenko
Monument vum Péiter de Groussen

Sankt Péitersbuerg (russ.: Санкт-Петербург) ass mat 4.953.219 Awunner (2012) déi zweetgréisst Stad a Russland a souguer déi nërdlechst Milliounestad vun der Welt. Si läit am Nordweste vum Land, op der Mëndung vun der Newa am Oste vum Finnesche Golf.

Sankt Péitersbuerg, 1703 vum Zar Péiter de Groussen gegrënnt, gëtt dacks "Venedeg vum Norde" genannt. Et bestécht awer net nëmmen duerch seng vill Kanäl, mä gëllt mat senge ville Paläst a senger grousser Zuel vu Kënschtler als heemlech Kulturhaaptstad vu Russland. D'Bannestad gehéiert zur Weltierfschaft vun der UNESCO. Donieft huet d'Stad als wichtegste russeschen Ostmier-Hafen och eng grouss wirtschaftlech Bedeitung.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

De Péiter de Groussen huet d'Festung an déi spéider Stad ënner dem Numm Sankt Pieter Burch (Санкт-Питер-Бурх(ъ)) gegrënnt, net no sech selwer mä no sengem Schutzhellegen, dem Apostel Simon Petrus. De Klang erënnert un Hollännesch, an dat war och sou gewollt, well de Péiter e puer Joer virdrun zu Amsterdam war a lo seng eege Stad mat ville Kanäl baue gelooss huet. Den Ufank "Sankt" ass dogéint déi germaniséiert Form vum laténgesche "Sanctus". Geschwënn drop gouf se awer op Peterburg (Петербург) ëmgedeeft.

Mam Ausbroch vum Éischte Weltkrich am Joer 1914 gouf d'Stad op Petrograd (Петроград) ëmbenannt, fir awer schonn 1924, nom Lenin sengem Doud, nees eng Kéier den Numm ze changéieren, an zwar a Leningrad (Ленинград).

Dunn huet et bis zum Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991 gedauert, ier eng Volleksofstëmmung mat enger knappser Majoritéit vu 54 % sech fir d'Réckbesënnung op den alen Numm Sankt Peterburg (Санкт-Петербург) ausgeschwat huet.

An der Ëmgankssprooch nennen d'Awunner hir Stad Piter (Питер).

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Populatioun[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1703 huet den Zar Péiter de Groussen op enger Insel an der Newa-Mëndung d'Péiter-a-Pauls-Festung baue gelooss, fir am Krich mat de Schweden déi strategesch wichteg Plaz ofzesécheren. Séier huet de Péiter de Groussen awer d'Chance gesinn, do eng Stad mat Hafen als "Fënster zu Europa" ze grënnen.

Vu 1706 un huet den Zar eng Abberzuel Leifeegen zwangsrekrutéiere gelooss, fir d'Stad am suppege Buedem op Péil bauen ze loossen. Vill vun hinne sinn dobäi ëmkomm, mä d'Resultat hat Virrank. Fir den Ausbau weider ze forcéieren huet de Péiter de Groussen 1710 en Ukas erausginn, no deem all Awunner all Joer 100 Steng ofzeliwweren hat. E weideren Ukas 4 Joer drop sot, datt stenge Gebaier just nach zu Sankt Péitersbuerg gebaut hunn däerfte ginn, fir datt all Steemetzer am ganze Land beim Bau mathëllefe sollt. Well de russeschen Adel net prett war, an d'Stad ze plënneren, huet de Péiter de Groussen einfach den Uerder ginn, datt se dat mat hirem ganze Stot missten, an Haiser deenen hire Stil an d'Gréisst genee festgeschriwwe waren, an dat op eege Käschten. Déi drakonesch Moossname vum Zar hunn den Erfolleg bruecht: Schonn 1712 huet de Péiter de Grousse Sankt Péitersbuerg amplaz vu Moskau als nei Haaptstad ernannt.

De Péiter de Groussen huet Handwierker an Ingenieuren aus ganz Europa, absënns aus Däitschland an Holland, komme gelooss, fir seng nei Stad vun Ufank un zu engem Zentrum vun europäëscher Technik a Wëssenschaft ze maachen.

D'Katharina II. "di Grouss" huet an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert Kënschtler an Architekten op Sankt Péitersbuerg geholl. An hirer Zäit sinn di meescht vun de grousse Gebaier entstanen, déi nach ëmmer d'Stadbild bestëmmen, wéi de Wanterpalais an d'Smolny-Klouschter, am Stil vum Bartolomeo Rastrelli.

D'Oktoberrevolutioun 1917 ass ugaang mat engem Schoss vum Panzerkräizer Aurora am Petrograder Hafen, an 1918 huet d'russesch Revolutioun d'Haaptstad zréck op Moskau verluecht.

Am Zweete Weltkrich war eng ganz schwéier Zäit, d'Wehrmacht huet d'Stad bal 900 Deeg laang belagert, wärend der sougenannter Leningrader Blockad goung et hinnen net drëm d'Stad z'erueweren, mä se ze bombardéieren a se auszehéngeren - iwwer eng Millioun Ziviliste si sou grausam zugronn gaangen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Bruhn: Das Bernsteinzimmer in Zarskoje Selo bei Sankt Petersburg, 2. Auflage, Berlin 2004 ISBN 3-86155-109-8

Fotosalbum vu Sankt Péitersbuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sankt Péitersbuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien