Saparmyrat Nyýazow

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Saparmyrat Nyyazow)
Saparmyrat Nyýazow
Gebuer 19. Februar 1940
Gestuerwen 21. Dezember 2006
Aschchabad
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Sowjetunioun, Turkmenistan
Aktivitéit Politiker, Autobiograph
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Saparmyrat Ataýewiç Nyýazow [θɑːpɑːrmuːrɑːt niːjɑːðɒv] (aus dem Russeschen transkribéiert och: Saparmurat Atajewitsch Nijasow), gebuer den 19. Februar 1940 zu Gypjak bei Aşgabat, a gestuerwen den 21. Dezember 2006 zu Aşgabat, war vun 1992 bis 2006 Staats- a Regierungschef vun Turkmenistan. Bekannt war er virun allem fir deen ëm hie bedriwwene Persounenkult.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Hie war zanter 1985 President vun der Kommunistescher Partei vun der deemoleger Turkmenescher Sozialistescher Sowjetrepublik. 1991 huet en d'KP am Turkmenistan, deen elo onofhängeg war, verbueden. An hirer Plaz huet en d'Demokratesch Partei gegrënnt a sech zum President ernenne gelooss. De 24. November 1991 gouf en zum President vun Turkmenistan gewielt. D'Joer drop gouf e gläichzäiteg Ministerpresident. Seng Presidentschaft huet en e puermol verlängert a sech 1999 vum Parlament als President op Liewenszäit ernenne gelooss. Hien ass am Dezember 2006 gestuerwen.

Den Türkmenbaşy[änneren | Quelltext änneren]

International war den Nijasow virun allem fir de Persounekult bekannt, deen en ëm sech inszenéiere gelooss huet. Sou huet hie sech "Türkmenbaşy" nenne gelooss ("Chef/Guide vun allen Turkmenen"). Eng Stad (Türkmenbaşy) ass no him benannt ginn, Schoule, Fluchhäfen an souguer e Meteorit. Iwwerall am Land si Statuen (dacks vergëllt) mat him, senger Mamm oder sengem Papp opgeriicht ginn. Mä domat net genuch: Souguer d'Wochendeeg an d'Méint huet en ëmbenenne gelooss: de Januar gouf, wéi soss, „Türkmenbaşy“ genannt, den Abrëll nom Numm vu senger Mamm.

Den Nyýazow huet och e puer Bicher geschriwwen, dorënner eng Geschicht vun Turkmenistan (wéi hie se gesouch) an eent, Ruhnama genannt (2001 erauskomm, wat "Buch vun der Séil" heescht. All Turkmen huet dat misse liesen, et ass an de Schoule "studéiert" ginn, an et ass een driwwer ausgefrot ginn, wann ee wollt de Führerschäi maachen.

Ënner dem Nyýazow sengem Regime gouf an Turmenistan d'Reliounsfräiheet ofgeschaaft (de sunitteschen Islam gouf Staatsrelioun), d'Russe goufen aus dem Land verjot, Dissidente goufe gefoltert oder a "psychiatresch Asyler" gestach; wien dem Regime net gepasst huet, gouf systematesch ausspionéiert, gebeetscht, agespaart oder "verschwanne" gedoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saparmyrat Nyýazow – Biller, Videoen oder Audiodateien