Saud ibn Faisal
| Saud ibn Faisal | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Gebuer |
2. Januar 1940 Ta'if |
| Gestuerwen |
9. Juli 2015 Los Angeles |
| Doudesursaach | Parkinson-Krankheet |
| Nationalitéit | Saudi-Arabien |
| Educatioun | Princeton Universitéit |
| Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
| Gielercher | Grousskräiz vum Isabellauerden |
| Famill | |
| Papp | Faisal ibn Abd al-Aziz |
|
| |
De Prënz Saud ibn Faisal ibn Abd al-Aziz (Arabesch: سعود بن فيصل بن عبد العزيز آل سعود; och Saud Al Faisal), gebuer den 2. Januar 1940 zu Ta'if, a gestuerwen den 9. Juli 2015 zu Los Angeles[1], war e Member vun der saudi-arabescher Kinneksfamill Saud.
Hie war vun 1975 bis 2015 Ausseminister vu sengem Land.
De Prënz Saud war de Jong vum spéidere Kinnek Faisal ibn Abd al-Aziz an deem senger Fa Effat Al-Thuniyyan. Hien huet zu Princeton Ekonomie studéiert. Mëtt vun den 1960er Jore gouf hie Conseiller am Pëtrols-Ministère an dono Direkter bei PETROMIN, der Daachorganisatioun fir Äerdueleg a mineralesch Ressourcen. Spéider gouf hie Stellvertriedenede Gouverneur vu PETROMIN. De 15. Juni 1971 gouf hie Stellvertriedende Minister fir Äerdueleg a mineralesch Ressourcen.
Den 13. Oktober 1975 wurde huet de Kinnek Chalid ibn Abd al-Aziz hien zum Ausseminister ernannt. Hie blouf 40 Joer an där Fonctioun, och ënner de Kinneke Fahd, Abdullah a Salman. Am Abrëll 2015 huet hien aus gesondheetleche Grënn säin Amt opginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saud ibn Faisal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Saudischer Langzeit-Außenminister Faisal gestorben."" diepresse.com, 10. Juli 2015.
