Sbiten
Sbiten (op Russesch сбитень, op Ukrainesch збитень an op Wäissrussesch збіцень) ass e waarmt, ostslawescht (Russland, Ukrain, Wäissrussland) alkoholfräit Gedrénks, dat aus Hunneg, Waasser, Kraider a Gewierzer gemaach gëtt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
Déi éischt schrëftlech Opzeechnunge vu Sbiten stamen aus dem 12. Joerhonnert. Sbiten ass e ganz aalt waarmt Gedrénks, dat ganz populär war, ier den Téi méi bekannt gouf[1].
Sbite gouf a Samoware preparéiert. Et gouf vun deiere Restauranten, vu Spezialgeschäfter an op Mäert ugebueden[2].
Preparatioun
[änneren | Quelltext änneren]| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Hunneg gëtt mat kache Waasser gemëscht. Da komme Kraider a Gewierzer derbäi. Et gouf verschidde Rezepter: D'Zesummesetzung vu Kraider a Gewierzer ka variéieren; fréier hat all Sbiten-Hiersteller säin eegent geheimt Rezept. D'Flëssegkeet gëtt gutt geréiert an 10 bis 15 Minutte gekacht. Duerno gëtt se gesifft a waarm zerwéiert.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sbiten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (ru) Wladimir Pochljobkin, Национальные кухни наших народов 77-78. Центрполиграф (2004). Gekuckt den 28.11.2025.
- ↑ (ru) Igor Sokolski, Вот сбитень! Вот горячий!. Наука и жизнь (01.12.2024). Gekuckt den 28.11.2025.
- ↑ (ru) Älmira Aschirowa, Забытый праздничный напиток. Как приготовить настоящий сбитень без самовара и русской печки. Родина (31.12.2024). Gekuckt de 04.12.2025.