Schéiereschlëffer

Vu Wikipedia
E Schéiereschlëffer bei der Aarbecht

Schéiereschlëffer ass e Beruff, deen hautdesdaags praktesch ausgestuerwen ass.

Mat engem mobile Schläifsteen, deen duerch eng Pedall aktionéiert ginn ass, sinn d'Schéiereschlëffer fréier vun Dier zu Dier gezunn, fir Schéieren a Messeren ze schläifen. Meeschtens hate se och nach en ale Prabbeli bei sech an hirem Gestell. Si hunn da gewisen datt d'Messeren an d'Schéieren, déi se geschlaff hunn, elo besser géife schneiden. D'Schéiereschlëffer ware fréier de Gaudium vun de Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schéiereschlëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien