Schéimerech

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch vu Schéimerech
Kierfecht Schéimerech
Grafsteen vu 1676 um Kierfecht Schéimerech

Op den Héichte vu Schéimerech (Schönberg) am Dräieck tëscht Kielen, Koplescht an dem Katterwang, stoung op der Kräizung vun zwéi Kieme mat grousser Wahrscheinlechkeet eng gallo-réimesch Siidlung. D'Existenz dovun ass bestätegt duerch de Fong vun engem stenge Sockel, op deem véier Gottheeten duergestallt sinn, dem Véiergëttersteen op Schéimerech. Den Original ass am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, an e Faksimile steet virum Kierfecht vu Schéimerech.[1]

Schéimerech steet um Relevé vun den Nationalmonumenter (Inventaire supplémentaire) haaptsächlech wéinst der Kapell, engem Rescht vum Chouer vun der aler Kierch, a senge Grafsteng aus dem 16. Joerhonnert. Déi al Par Schéimerech, eng vun den eelsten aus dem Land (hir Rëgestere gi bis op 1637 zréck) huet zur Abtei St. Maximäin vun Tréier gehéiert.[1]

Der Legend no hätt en Duerf um Plateau vu Schéimerech bestanen, dat am Drëssegjärege Krich (1618-1648) duerch d'Pescht ausgestuerwe wir.[1][2] Bis elo sinn nach keng Reschter dovu fonnt ginn.[3]

D'Fro ob nieft der Kierch an dem Kierfecht jee eng richteg Uertschaft existéiert huet, ass anscheinend net gekläert. 1234 gëtt Schéimerech als villem sconeberch ernimmt. 1632 gehéiert Schéimerech schonn der Legend un, well do heescht et an engem Dokument: Schoenberg que l'on dit avoir été un village proche de l'église [de] Kehlen et dont présentement n'y at [sic] aucun vestige; a 1633 geet an engem aneren Dokument Rieds vum village ruiné de Schoenberg. Dem Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine no wier Schéimerech am 14. Joerhonnert vun den Zaldote vum Comte de St. Pol de Luxembourg-Ligny zerstéiert ginn.[3]

Als Argument géint d'Existenz vun enger richteger Uertschaft op där Plaz ass alt op d'Tatsaach, datt do nëmme Sandbuedem a keng eenzeg Quell ze fannen ass, higewise ginn.[3]

De Kierfecht huet och Botaniker interesséiert. Do huet de Jean-Jacques Kariger 1959 déi rar Gagea pratensis (Wiesen-Goldstern)[4] (Liliaceae) entdeckt an de Léopold Reichling am Joer 1982 déi rar Gagea villosa (Acker-Goldstern)[5] (Liliaceae) fonnt.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diderrich, E., 1933. Lokalgeschichtliches : Antonius Vacano, Pfarrherr zu Schönberg-Kehlen (1784-1795). In: Die Rundschau, Beilage des "Luxemburger Wort" für Literatur, Kunst u. Wissenschaft, Jg. 1, Nr. 15 (18. Juli), S. 2 (Beilage zu: Luxemburger Wort 1933, Nr. 199, 18. Juli 1933). [2]
  • es., 1944. Das unter Denkmalschutz stehende Schönberg : vom Römertempel zur heutigen Friedhofskapelle. Escher Tageblatt 1944, Nr. 108 (10. Mai), S. 4; [3] Nr. 112 (15. Mai), S. 4; [4] Nr. 113 (16. Mai), S. 5. [5]
  • Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 392 S. (Aus der Geschicht vu Schéimerech, S. 27).
  • M.G., 1944. Steinerne Zeugen auf Schönberg bei Kehlen : von Köln bis Reims befinden sich nur zwei Friedhöfe dieser Art. Escher Tageblatt 1944, Nr. 192 (17. August), S. 4. [6]
  • Toussaint, F., 2011. Grabkreuze aus dem Pfarrgebiet von Schoenberg-Kehlen: Inventar.. Erausgi vun der Commission de la culture vun der Gemeng Kielen, 91 S. ISBN 13 978-99959-702-0-8.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schéimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Commune de Kehlen: histoire
  2. Heuertz, F., 1932. Excursion géographique-géologique. Dimanche, le 21 août 1932. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 42(1932), S. 117. — Amplaz "Pescht" schreift den Heuertz iertemlecherweis "Cholera"; déi ass awer eréischt am 19. Jh. an Europa opgetrueden. Den Heuertz sträicht nach ervir, datt ee vu Schéimerech aus eng wonnerbar Vue op d'Cuesta vum Macigno an op d'Cuesta vum Dogger huet.
  3. 3,0 3,1 3,2 War Schönberg ein Dorf? Luxemburger Wort 1941, Nr. 333 (1. Dezember), S. 4. [1] — Cf.: G.T.I. de la Fontaine: Essai étymologique sur les noms de lieux du Luxembourg germanique. § 3. Noms des endroits habités ou historiquement remarquables. Division première. Luxembourg grand-ducal. N - Z. In: Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques du Grand-Duché de Luxembourg, 14 (1859), S. 25-65.
  4. Kuck: Wiesen-Gelbstern (Gagea pratensis).
  5. Kuck: Acker-Gelbstern (Gagea villosa).
  6. Conférences du lundi (1er semestre 1983). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 86(1986), S. 137-138.