Schéissendëmpel

Vu Wikipedia
Schéissendëmpel
An anere Sproochen de: Schiessentümpel
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Konsdref
Waldbëlleg
Buergermeeschter

Marco Bermes


Andrée Henx-Greischer
Koordinaten 49° 47’ 06.2’’ N
      06° 17’ 57.4’’ O

De Schéissendëmpel ass eng "rustikal" Bréck mat engem klenge Waasserfall am Ënnerlaf vun der Schwaarzer Iernz. Den Numm bezeechent och de Lieu-dit laanscht dem CR121 an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, op der Héicht vum Waasserfall.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1877 waren am Staatsbudget dräi kleng Brécken („trois ponts miniatures”) am Mëllerdall virgesinn. De Projet gouf de 15. Januar 1880 vum deemolege Generaldirekter (d. h. Minister) fir d'Justiz, Paul Eyschen, an der Chamber virgestallt.

D'Pläng fir d'Bréck vum Schéissendëmpel ware vum Dikrecher Bezierksingenieur Antoine Hartmann ausgeschafft ginn an de Baukondukter Michel Dondelinger vun Iechternach huet dunn de Steemetzer Jean-Pierre Prommenschenkel mat den Aarbechte beoptraagt[1].

Allgemeng gëtt ugeholl, datt d'Bréck 1879 gebaut gouf[2].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Schéissendëmpel läit op der Schwaarzer Iernz, ronn ee Kilometer südwestlech vum Mëllerdall an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Eeler touristesch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Schéissendëmpel gouf scho kuerz no sengem Bau an Touristeguiden ernimmt:

  • Marie Adrien Perk, 1880, Schetsen uit Luxemburg, Ed. H. D. Tjeenk Willink, Haarlem.
  • Adolphe Reuland, 1881, Das romantische Ernzthal, oder, Fels und seine Umgegend: ein Handbuch als Führer für Touristen, zuglich zur Unterhaltung für Jugend und Volk, Ed. P. Brück.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schéissendëmpel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jean Schmit, 2016
  2. Jos A. Massard, 2016