Op den Inhalt sprangen

Schëld C, 13ba

Vu Wikipedia
Schëld C, 13ba
Iwwerhuelverbuet fir Camionen
Bezeechnung C, 13ba
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld C, 13ba ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat uweist, datt et de Chauffere vu motoriséierte Gefierer fir de Giddertransport a mat engem maximal erlaabte Gewiicht vun iwwer 3,5 Tonnen, verbueden ass motoriséiert Gefierer z'iwwerhuelen, mat Ausnam vun de Motorrieder mat zwéi Rieder ouni Siddekärchen an de Cyclomotoren.

Wann de Grenzwäert, vun deem un de Verbuet u gëllt, den 3,5 Tonnen net entsprécht, da gëtt de richtegen Tonnage op engem Zousazschëld uginn.

Mat „maximal erlaabt Gewiicht“ – am Code de la route geet rieds vun (fr) « masse maximale autorisée » – ass déi effektiv Mass vum Gefier am geluedenen Zoustand, inklusiv de Passagéier gemengt[1].

Originaltext aus dem Code de la route:

[änneren | Quelltext änneren]

„13. Interdiction de dépassement – Le signal C,13ba indique aux conducteurs de véhicules automoteurs destinés au transport de choses et dont la masse maximale autorisée dépasse 3,5 tonnes qu'il leur est interdit de dépasser des véhicules automoteurs autres que les motocycles à deux roues sans side-car et les cyclomoteurs à deux roues. Lorsque le seuil d'application de l'interdiction ne correspond pas à 3,5 tonnes, le signal est complété par un panneau additionnel portant l'inscription du tonnage visé“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[2]
  • D'Schëld C, 13ba gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer … vum Artikel 107 definéiert[3].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vun 145 Euro an de Verloscht vun 2 Punkten um Punktefürerschäin)[4].
Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955, Art. 2, 3.1, i) – « Masse en charge d’un véhicule: la masse effective du véhicule à l’état chargé, l’équipage et les passagers étant à bord. »
  2. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  4. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière