Schëller

D'Schëller ass bei de Wierbeldéieren, dorënner beim Mënsch, de Kierperberäich ëm d'Schëllergelenk. Beim Mënsch ass dat do, wou d'Schank vum Ueweraarm (Humerus) mam Schëllerblat (Scapula) verbonnen ass.
Konkreet besteet d'Schëller aus dräi Haaptschanken: dem Schëllerblat, dem Schlësselbeen (Clavicula), an dem Kapp vum Humerus. Bei verschiddenen Déiere gëtt et och e separate Coracoid,[1] dee beim Mënsch awer nëmmen e Fortsaz vum Schëllerblat ass a keng eegestänneg Schank. D'Schëllerregioun besteet nieft de Schanken och aus dem mëllen Tissu ronderëm (Muskelen, Seenen, Fett, Bänner, Haut, asw).
Anatomesch gesinn zielt déi viischt Schëllergéigend zum Broschtkuerf, wärend déi hënnescht Schëller zum Réck gehéiert.[2]
D'Schëllergelenk beim Mënsch
[änneren | Quelltext änneren]
D'Schëllergelenk (lat.: Articulatio humeri oder Articulatio glenohumeralis) ass d'Haaptgelenk vun der Schëller. Et ass e Kugelgelenk, dat et erméiglecht, den Aarm kreesfërmeg ze dréinen a vum Kierper ewech erop an erof ze hiewen.
D'Gelenk besteet aus enger Schëllergelenkpännchen (Scapula) an dem Kapp vun der Ueweraarmschank (Humeruskapp, oder Caput humeri).
De méi mëllen Deel ronderëm d'Schëllergelenk ass d'Gelenkkapsel, déi mat enger dënner, glater Gelenkbannenhaut ausgekleet ass (Synovia) an duerch d'Muskelen an d'Bänner ronderëm gestäerkt ass. D'Kapsel ass mam Schëllerblat, der Schank vum Ueweraarm, an der Seen vum laange Kapp vum Bizeps verbonnen.
Et gëtt véier Muskelen, déi d'Schëllergelenk ëmginn an zu senger Stabilitéit bäidroen: de Musculus supraspinatus, de Musculus subscapularis, de Musculus infraspinatus an de Musculus teres minor. Si si mat der Schëllergelenkkapsel verbonnen an um Kapp vun der Schank am Ueweraarm festgemaach. Déi Muskele sinn zesummen als Rotatorenmanschette (op Däitsch) oder Coiffe des rotateurs (op Franséisch) bekannt. Si sinn un der Gelenkkapsel befestegt an hëllefen, d'Positioun vum Ueweraarmkapp an der Gelenkpännchen ze halen.
D'Schëllergelenk gëtt a Relatioun mat senger Beusprochung gesi vun engem relativ schwaach ausgebilte Bandapparat ënnerstëtzt.[2]
Et ass dat beweeglechst Kugelgelenk am mënschleche Kierper an erméiglecht komplex Aarm- an Handbeweegungen. Déi héich Beweeglechkeet geet op Käschte vun der Stabilitéit, well et virun allem duerch d'Muskulatur geséchert ass an d'Beweegunge kaum duerch Schanken ageschränkt ginn. Doduerch ass d'Schëller besonnesch ufälleg fir Ausrenkungen (och Luxatioun genannt) a Verletzunge vun de mëllen Deeler.
Trotz hirer Ufällegkeet ass d'Schëller wéinst der koordinéierter Wierkung vun de Muskelen an de Seene staark a stabil genuch, fir wichteg Beweegunge wéi Hiewen, Drécken an Zéien auszeféieren.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Schëller vun engem Mann.
- D'Gelenkkapsel vum Schëllergelenk.
- Video mat der Anatomie vun der mënschlecher Schëller.
- Rëntgebild vun enger ausgerenkter mënschlecher Schëller.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schëller – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Op Däitsch och nach Rabenbein genannt.
- 1 2 (de) Schultergelenk. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 22. Januar 2025.