Schëllerblat
Ausgesinn
D'Schëllerblat (lat.: Scapula) ass eng Schank am Skelett vu ville Wierbeldéieren. Si läit an der Schëller a verbënnt beim Mënsch d'Schank am Ueweraarm (Humerus) mam Schlësselbeen (Clavicula).[1]
Genee wéi d'Schanken, déi se verbënnt, existéiert se jee zweemol am Kierper. D'Schëllerblat läit op béide Kierpersäite spiggelbildlech zum aneren.
De laténgeschen Numm kënnt vum Wuert fir eng kleng Schëpp, där d'Schëllerblat gläiche soll.
Vun de Wierbeldéieren hunn d'Mamendéieren, d'Vullen, d'Reptiller (ausser de Schlaangen an den Amphibië) Schëllerblieder, och wa se net all d'selwecht opgebaut sinn; d'Fësch an d'Agnatha[2] dogéint hu keng.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Déi zwee Schëllerblieder (rout) am mënschleche Skelett.
- Animatioun vun engem mënschleche Schëllerblat (lénks Säit).
- E mënschlecht Schëllerblat.
- Vun der Säit gesinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schëllerblat – Biller, Videoen oder Audiodateien |