Schabloun:AVDW R14

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stolpersteen Hélène Salomon, 25, rue Michel-Rodange, Déifferdeng.jpg

Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng messengs Commemoratiounsplacken op bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt, déi un Affer vum Nationalsozialismus erënneren. Si gi wéi Pavéssteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, an de Buedem gesat.

Dem Demnig wëll domat deene Leit, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkret Bedeitung. D'Steng leie riicht am Buedem, sou datt d'"Stolperen" symbolesch gemengt ass.

Et gi mëttlerweil iwwer 70.000 sou Steng a ronn 1500 Uertschaften, virun allem an Däitschland, ma och an 22 aneren europäesche Länner. Pro Joer kommen der eng 440 neier bäi. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher, Helperknapp, Iechternach, Munneref a Réimech am ganzen 107 Stolpersteine verluecht, an zu Ettelbréck eng Stolperschwelle (Stand: Juni 2019)... > > méi

Aner Artikele vun der Woch