Op den Inhalt sprangen

Schabloun:Moien TK

Vu Wikipedia

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir e Benotzer mat engem temporäre Kont, deen (nach) kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt.

Jidderee kann op Wikipedia eppes änneren, ob mat oder ouni Benotzerkont; eng Ännerung vun engem net-ugemellte Benotzer gëtt automatesch engem temporäre Kont zougeuerdent an d'Ännerung gëtt mam temporäre Kont an de verschiddene Logbicher an op Säite wéi de rezenten Ännerungen oder den Historiquen ugewisen.

Fir weiderhin ënner de beschte Konditioune kënnen ze schaffen, fir un Diskussiounen deelhuelen a vun zousätzlechen Tools profitéieren ze kënnen, invitéiere mir Iech, fir Iech anzeloggen oder e Kont unzeleeën: Et ass gratis, et geet mat just e puer Klicken an et brauch ee keng perséinlech Donnéeën unzeginn!

Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moien Moien TK,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!

Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!

Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Am Fall vu Konflikter mat anere Benotzer oder wann Dir potenzielle Vandalismus bemierkt, kënnt Dir engem Admin op d'Diskussiounssäit schreiwen (Lëscht vun Adminen) oder um Stamminee e Message hannerloossen.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Dokumentatioun vun der Schabloun:Moien TK [liesen] [änneren] [Versioune weisen]

D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Moien TK/doc hei agebonne ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.

Dës Schabloun ass geduecht, fir op d'Diskussiounssäit vun temporärer Konte gesat ze ginn an e Begréissungsmessage ze hannerloossen. Dës Schabloun ersetzt d'Schabloun {{Moien IP}}, well zënter September 2025 och op der lëtzebuergescher Wikipedia temporär Konte fir net-ugemellte Benotzer amplaz vun IP-Adresse benotzt ginn.

TemplateData

[Quelltext änneren]

Hei stinn d'TemplateData vun dëser Schabloun, déi vum TemplateWizard, dem Visual Editor an anerem Geschier benotzt ginn.

Beschreiwung vun der Schabloun

[Quelltext änneren]

Schabloun fir temporär Konten ze begréissen.

Parametere vun der Schabloun[Schablounendonnéeën änneren]

ParameterBeschreiwungTypStatus
Keng Parameteren uginn