Schabloun:Op engem 16. Mäerz
Ausgesinn

- 1750: Gebuert vun der däitscher Astronomin Caroline Herschel.
- 1815: De Wëllem I. gëtt Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden.
- 1905: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Marcel Reuland kënnt op d'Welt.
- 1917: De lëtzebuergesche Journalist a Regisseur Gordian Troeller gëtt gebuer.
- 1926: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller Jerry Lewis.
- 1940: Doud vun der schweedescher Schrëftstellerin an Nobelpräisdréierin Selma Lagerlöf.
- 1953: Déi franséisch Filmschauspillerin Isabelle Huppert kënnt op d'Welt.
- 1979: De franséische Politiker Jean Monnet stierft.